École polytechnique

franséisch Ingenieurshéichschoul zu Palaiseau bäi Paräis

D'École polytechnique (l'X), ass eng franséisch Fachhéichschoul, déi zënter 1976 am Palaiseau ausserhalb vu Paräis (fréier am Quartier Latin vu Paräis) läit. D'Schoul gouf 1794 vum Napoléon Bonaparte gegrënnt. Si gëllt als ee vun de féierende Colleges vum Land a gehéiert zu der sougenannte Grandes écoles.

École polytechnique
École polytechnique
TypMilitärschoul
LandFrankräich
LeedungLaura Chaubard
Schülerzuel2.316
 2018
Ënnersteet der/demInstitut polytechnique de Paris, Université Paris-Saclay
Gegrënnt28. September 1794
GrënnerGaspard Monge
Um Spaweckhttps://polytechnique.edu

D'Schoul war fréier eng reng Militärschoul fir d'Ausbildung vun Ingenieuren, an huet säi Spëtznumm l'X vun den zwou gekräizte Kanounen a sengem Emblème kritt. D'Schoul gëtt ënnert der Opsiicht vun der franséischer Arméi geleet, ënner dem Kommando vun engem Generol, an d'Schüler gi wärend hirem Studium vun der Arméi bezuelt.

Bekannt Graduéiert

Um Spaweck