Über Wasser

Über Wasser - Menschen und gelbe Kanister ass en éisträichesch-lëtzebuergeschen Dokumentarfilm vum Regisseur Udo Maurer aus dem Joer 2007.

Über Wasser
Film
ProduktiounslandÉisträich
Lëtzebuerg
Produktiounsjoer2003-2005
Première23. Februar 2007
Dauer82 min
Filmformat35 mm
OriginalsproochDäitsch
Ekipp
RegieUdo Maurer
DréibuchUdo Maurer
FotografieAttila Boa, Udo Maurer
MusekSerge Tonnar
SchnëttEmily Artmann, Ilse Buchelt, Oliver Neumann
ProduzentErich Lackner, Anne Schroeder
Produktiouns-
gesellschaft
Lotus Film
Samsa Film
Schauspiller
keng (Documentaire)
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

Aus dräi verschiddenen Deeler vun der Welt erzielt den Documentaire den Ëmgank mam Waasser um Rand vun der mënschlecher Zivilisatioun. Ugefaangen am Bangladesch, wou aus den Haiser Booter gi wann d'Iwwerschwemmunge kommen, fiert de Film weider am Kasachstan, wou ganz Fëscherdierfer duerch de Réckgank vum Aralséi an der Wüst stinn an zu gudder lescht aus de Slums vun Nairobi, wou d'Drénkwaasser eng rar Marchandise ass.

Produktiounsgeschicht

Gedréint gouf de Film tëscht August 2003 an August 2005 am Kasachstan, a Bangladesch an am Kenia.[1] D'Produktioun gouf vum Lëtzebuerger Filmfong an dem europäeschen Eurimages ënnerstëtzt.

Auszeechnungen

De Film gouf op enger ganzer Rei Festivalle gewisen, dorënner am kanadesche Saskatoon, am taiwaneschen Yilan, zu Buenos Aires, Oslo, Seattle, Würzburg, Sydney, Verviers an zu Riga.[2] E krut de "WWF Award" um Filmfestival vun Thessaloniki[2]

Kuckt och

Referenzen