Abdelmalek Sellal
Den Abdelmalek Sellal (ar: عبد الـمالك سلال), gebuer den 1. August 1948 zu Constantine an Algerien, ass en algeereschen Diplomat a Politiker.
Abdelmalek Sellal | |
---|---|
Gebuer | 1. August 1948 Constantine |
Nationalitéit | Algerien |
Aktivitéit | Politiker, Diplomat |
Hien huet op der algeerescher Verwaltungs-Héichschoul Diplomatie studiéert a gouf duerno Wali vu Boumerdès, Adrar, Sidi-Bel-Abbès, Oran a Laghouat.Hie war och algeereschen Ambassadeur an Ungarn, an duerno Inneminister, Minister fir Gemengen, Ëmwelt, Jugend a Sport, ëffentlech Aarbechten Transport a Waasserressourcen.
Den 3. September 2012 gouf en zum Premierminister ernannt, nodeem säi Virgänger Ahmed Ouyahia zeréckgetruede war[1].
Ämter
- 2012: Regierungschef
- 2010-2012: Minister fir Waasserressourcen
- 2009: Direkter vum Abdelaziz Bouteflika senger Walcampagne
- 2004-2009: Minister fir Waasserressourcen
- 2004: Direkter vum Abdelaziz Bouteflika senger Walcampagne
- 2002-2004: Transportminister
- 2001-2002: Minister fir ëffentlech Aarbechten
- 1999-2001: Jugend- a Sportminister
- 1998-1999: Minister fir den Interieur, Gemengen an Ëmwelt
- 1996-1997: Ambassadeur zu Budapest (fir Ungarn, Kroatien a Slowenien)
- 1995-1996: Chef de cabinet vum Ausseminister
- 1994-1995: Directeur des ressources am Ausseministère
- 1989-1994: Wali hors cadre am Inneministère
- 1984-1989: Wali vun Adrar, Sidi Bel Abbes, Oran, Boumerdes a Laghouat
- 1977: Chef vun der Daïra zu Tamanrasset an zu Arzew
- 1976: Cconseiller vum Erzéiungsminister
- 1975: Chef de cabinet vun der Wilaya Guelma
Referenzen
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake