Alexandra Schoos

lëtzebuergesch Déierendoktesch a Politikerin

D'Alexandra ("Lexy") Schoos, gebuer den 13. Mee 1988 an der Stad Lëtzebuerg[1], ass eng lëtzebuergesch Déierendoktesch[2] a Politikerin (ADR).

Alexandra Schoos
Gebuer13. Mee 1988
Lëtzebuerg
NationalitéitLëtzebuerg
EducatiounÉcole privée Fieldgen,
Medezinesch Universitéit Wien,
Veterinärmedezinesch Universitéit Wien
AktivitéitFuerscher, Véidokter, Politiker
ParteiADR

Formatioun a Karriär

No hirer Première um Fieldgen (2007) huet d'Alexandra Schoos Humanmedezin op der Medezinescher Universitéit Wien studéiert an duerno, vun 2008 un, Veterinärmedezin op der Veterinärmedezinescher Universitéit an der selwechter Stad. Si huet hire Studium 2014 mat engem Master ofgeschloss[3].

D'Alexandra Schoos schafft zanter 2020 als Veterinärin am staatleche Veterinärslaboratoire zu Diddeleng[3].

Politesch Karriär

2023 huet d'Alexandra Schoos bei de Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'ADR am Bezierk Osten – als éischt Fra fir hir Partei – an d'Chamber gewielt[2],[4].

Zënter dem 17. Mäerz 2024 ass si Parteipresidentin vum ADR.[5]

Privates

D'Alexandra Schoos ass d'Duechter vum fréieren ADR-Politiker a Parteipresident Jean Schoos.

Um Spaweck

Commons: Alexandra Schoos – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten