Bodil-Präis
De Bodil-Präis ass den eelsten dänesche Filmpräis, deen zanter 1948 all Joer zu Kopenhagen iwwerreecht gëtt.
De Bodil-Präis gëtt vum Verband vun de Filmkritker verginn a riicht sech virun allem un dänesch Produktiounen.
De Präis gouf agefouert fir der dänescher Filmindustrie nom Zweete Weltkrich op d'Been ze hëllefen. Den Numm vum Präis, dee fir d'éischt den 29. Abrëll 1948 am Kopenhagener Nobelrestaurant Ambassadeur ausgedeelt gouf, kënnt vun der dänescher Schauspillerin Bodil Kjer (1917-2003), déi am Joer 1997 fir hiert Liewenswierk e Bodil-Präis krut.
Kategorien
- Beschten dänesche Film (Bedste danske film),
- Beschten Haaptduersteller (Bedste mandlige hovedrolle),
- Bescht Haaptduerstellerin (Bedste kvindelige hovedrolle),
- Beschten Niewenduersteller (Bedste mandlige birolle),
- Bescht Niewenduerstellerin (Bedste kvindelige birolle),
- Beschten amerikanesche Film (Bedste amerikanske film) an
- Beschten net-amerikanesche Film (Bedste ikke-amerikanske film)
Nieft de siwen Haaptkategorië gëtt et dräi speziell Präisser:
- de Johan Ankerstjernes Fotografpris, genannt nom dänesche Kameramann Johan Ankerstjerne fir aussergewéinlech Kameraaarbecht
- de Bodil særpriser, e Spezialpräis fir besonnesch Leeschtungen an anere Filmberäicher
- den Årets Sær; en Éierepräis fir e Liewenswierk
Um Spaweck
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake