Catherine Elsen

lëtzebuergesch Schauspillerin

D'Catherine Elsen, gebuer de 17. Januar 1986[1], ass eng lëtzebuergesch Schauspillerin, Performerin an Sängerin. Si huet Theater an Däitschland an Danz-Theater zu London studéiert[2].

Catherine Elsen
Gebuer17. Januar 1986
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitSchauspiller, Sänger

Nieft hirer Bünenaktivitéit ënner der Leedung vu verschiddene Regisseuren (Anna-Elisabeth-Frick, Anne Simon, Renelde Pierlot, Jakob Arnold etc.) conceptualiséiert a produzéiert si och dacks hir eege Projeten, wéi zum Beispill 2019 wou si hir engleschsproocheg "One-Woman-Show" mam Titel Love, Death and Polar Bears[3] am Kulturzentrum OpderSchmelz presentéiert huet. Am selwechte Joer huet si déi éischt Staffel vun der Webserie "W." gedréint, an där si den Titelpersonnage spillt an déi d'Joer drop verëffentlecht gouf. Am Joer 2021 koum dunn déi zweet Staffel vun der Webserie och mat hir als Titelpersonnage eraus.

2021 huet si bei de Lëtzebuerger Theaterpräisser de Präis an der Kategorie "Jeune espoir" gewonnen.[4]

Ee Joer méi spéit huet si mat der Charlotte Bruneau an der Laura Mannelli de multi-medialen Sound Projet The Assembly am Kader vum Kulturjoer Esch2022 lancéiert, dee seng Première Opderschmelz haat, an dono an der Arche zu Villerupt (FR) [2] an um Contempo Festival of Performing Arts zu Kaunas a Lithauen getourt as. De Projet, war am Oktober 2023 um DokLeipizg Festival ze gesinn an am Januar 2024 um International Film Festival zu Rotterdam.

Präisser

  • 2023: Bescht Schauspillerin fir "W." Staffel 2 um Rio de Janeiro Webfest
  • 2022: Bescht Schauspillerin fir "W." Staffel 1 um Neuseeland Webfest
  • 2021: Theaterpräiss "Jeune espoir" Lëtzebuerger Theaterpräiss

Referenzen