Centre national de l'audiovisuel

Kulturinstitut vum Staat fir den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg z'erhalen

De Centre national de l'audiovisuel, kuerz CNA, zu Diddeleng gouf 1989[1] gegrënnt.

Centre national de l'audiovisuel
LandLëtzebuerg
GemengDiddeleng
PlazL-3475 Dudelange
Adress1b rue du Centenaire
Koordinaten49° ’ ’’ N
      06° ’ O’’ {{{8}}}
Architekt(en)Paul Bretz Architectes
Datum vum Bau2005-2007

Als ee vun de Kulturinstituter vum Staat besteet seng Aufgab[2] dodran, den audiovisuelle Patrimoine vu Lëtzebuerg z'erhalen, ze versuergen, opzewäerten a bekannt ze maachen.

Den CNA huet den Dépôt légal fir audiovisuell Produktiounen zu Lëtzebuerg. Deemno ginn am CNA Lëtzebuergesch Filmer, d'Toun- a Bildmaterial vun den RTL-Produktiounen (Radio an Tëlee), déi zu Lëtzebuerg gemaach ginn, awer och och Privatfilmer, konservéiert, katalogiséiert, an zum Deel verschafft an der Ëffentlechkeet zougänglech gemaach. Sou gëtt den CNA d'Video-, resp. d'DVD-Serie "Films Made in Luxembourg" eraus, a produzéiert oder koproduzéiert Documentairen.

Do donieft archivéiert den CNA eng räichhalteg Fotosammlung, op där hirer Basis Ausstellungen organiséiert a Bicher publizéiert ginn.

No engem provisoreschen Openthalt an dem fréiere Pensionat vun de Schwëstere vun der doctrine chrétienne, deen 19 Joer gedauert huet, ass den CNA ufanks Dezember 2007 a säin neit Gebai Op der Schmelz geplënnert, dat e sech mam regionale Kulturzentrum a mat der Diddelenger Museksschoul deelt.

Direkter war zanter der Grënnung bis Enn 2015 de Jean Back, dono bis 2023 de Paul Lesch[3] an zanterhier de Gilles Zeimet.[4]

Am Gebai sinn:

  • zwéi Kinossäll, de Starlight I an den II;
  • Austellungsméiglechkeeten, den Display 01 an den Display 02;
  • en Espace découverte;
  • eng Mediathéik;
  • e Shop;
  • Film-, Foto- an Tounstudioen
  • Archivraim.

Um Spaweck

Commons: Centre national de l'audiovisuel – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen