Chrëschtlech Theologie

D'Theologie, wéi se vun de chrëschtleche Kierche geléiert gëtt, versteet sech nom ëmmer nach aktuellen a vill zitéierte Saz vum Anselm vu Canterbury (1033-1109) als fides quaerens intellectum (Glawen, deen nom Verstoe sicht), d. h. si versicht op eng systematesch-wëssenschaftlech Aart a Weis de Glawen ze hannerfroen, z'ënnersichen an ze formuléieren. Si ëmfaasst follgend Deelwëssenschaften:

Positiv Disziplinnen

  • D'Exeges (Bibelwëssenschaft) ënnersicht, wéi déi verschidden Texter aus der Bibel zustane koumen.
  • D'Kierchegeschicht retracéiert d'Geschicht vun der Kierch vun hiren Ufäng bis haut.
  • D'Kiercherecht beschäftegt sech mat der Gesetzgebung vun der Kierch an hirer Relatioun mat der Gesellschaft an de Staaten.

Praktesch Disziplinnen

  • D'Pastoraltheologie behandelt d'Bezéiungen, d'Handlungen etc. an enger Gemeinschaft vu Gleewegen.
  • D'Reliounspedagogik erschaaft a verbreet Methode fir d'Glawensinhalter z'enseignéieren.
  • D'Missiologie ënnersicht d'Méiglechkeete fir de chrëschtleche Glawen a Géigende mat enger anerer Relioun ze verbreeden.

Reflexiv Disziplinnen

  • D'Moraltheologie an d'Eethik beschäftege sech mat de Froe vum mënschlechen Handelen aus der Perspektiv vum Glawen.
  • D'systematesch Theologie ass spekulativ, si ënnerdeelt sech:
    • D'Dogmatik systematiséiert d'Glawensinhalter, hält se koherent a weist hiren Intressi fir d'Mënschen aus der haiteger Zäit op. Well d'Glawensinhalter e risegen Theemeberäich duerstellen, gëtt et nach eng ganz Rei vun Ënnerfächer bannent der Dogmatik (mat de Froen, op déi se wëllen eng Äntwert ginn):
      • Christologie: Wie war de Jesus als Mënsch an als Sohn Gottes?
      • Soteriologie: Wéi gesäit den Heilsplang vu Gott aus?
      • Pneumatologie: Wien ass den Hellege Geescht?
      • Theologie (sens strict): Wien ass Gott, de Papp, a wat sinn d'Relatiounen tëscht de Persoune vun der Dräifaltegkeet?
      • Ekklesiologie: wat ass d'Kierch a wat sinn hir Funktiounen?
      • Eschatologie: wat erwaart eis um Schluss, um perséinlechen Enn vum Liewen a kollektiv um Enn vun der Zäit?
    • D'Fundamentaltheologie behandelt d'Grondlage vun der Theologie (Viraussetzunge vum Glawen, praeambula fidei), souwéi d'Relatioun vun dëser mat anere Wëssenschaften, wéi z. B. der Philosophie oder der Sproochwëssenschaft.