Diözees

Eng Diözees, och nach Bistum genannt, ass e Verwaltungsbezierk an der kathoulescher Kierch op engem territorial ofgegrenzte Raum.

De Begrëff Diözees kënnt vun Opdeelung vum Réimesche Räich an Diözeesen hir a bezitt sech op de geographesche Raum mat de Gleewegen. De Begrëff Bistum bezitt sech éischter op d'Verwaltung vun deem Gebitt fir dat e Bëschof zoustänneg ass[1].

Zanter 1870 ass den Territoire vum Groussherzogtum Lëtzebuerg identesch mat der Diözees Lëtzebuerg. Am Joer 1873 huet de Lëtzebuerger Staat d'Diözees och unerkannt[2]. Eréischt zanter 1981 ass de Bistum Lëtzebuerg och eng personne juridique de droit public[3]. Am Joer 1988 huet de Poopst Jean-Paul II. d'Diözees Lëtzebuerg zu enger Äerzdiözees respektiv Äerzbistum erhuewen an domat de Bëschof zu engem Äerzbëschof.

Kuckt och

Referenzen