Die Zeit


Die Zeit ass eng iwwerregional däitsch Wochenzeitung, déi den 21. Februar 1946 fir d'éischt publizéiert ginn ass, an all Donneschdeg erauskënnt. Hire Sëtz huet si zu Hamburg. D'Zeit hat 2017 eng verkaaft Oplag vu ronn 504.779 Exemplaren an huet domat tëscht 2,34 Millioune Lieser erreecht.[1] Si gëllt als zentristesch a liberal bis lénksliberal.

Die Zeit
TypWochenzeitung
Periodizitéit1 Woch
SproochDäitsch
Éischt Ausgab21. Februar 1946
GrënnerGerd Bucerius
LandDäitschland
VerwaltungssëtzHamburg
Politesch IdeologieLiberalismus
Websäithttps://www.zeit.de/

Vun der éischter bis zur zwielefter Ausgab (1946) war am Logo vun der Zeit de Staatswope vun Hamburg ze gesinn, dee vun zwéi Léiwen tëscht de Wierder "Die" an "Zäit" gehale gouf. Den Hamburger Senat huet dee Wopen awer als "Hoheitszeichen" ugesinn, an d'Zeitung huet hire Logo missen änneren. Mat Erlabnes vum Buergermeeschter vu Bremen ass doropshinn de Bremer Schlëssel an de Logo geholl ginn, mat der Kroun vum Bremer Stadwopen. De Logo gëtt haut als Logo vun der ganzer Verlagsgrupp benotzt.

Websäit

Referenzen