Doctena

Doctena SA[3] ass eng lëtzebuergesch Entreprise, déi et Patienten erlaabt online – iwwer Internet oder eng App – e Rendez-vous bei engem Dokter oder enger anerer medezinescher Fachkraaft ze buchen. Si gouf 2013 gegrënnt an ass de Leader um europäesche Maart.

Doctena
TypSA
Grënnungsdatum29.03.2013
Sëtz42, Rue de la Vallée
2661 Lëtzebuerg
LeedungAlain Fontaine (CEO)[1]
Mataarbechter90[2]
ProduitMedezinesch Rendez-vousen
Homepagewww.doctena.lu

Doctena ass zu Lëtzebuerg, an der Belsch, Däitschland, Éisträich, Holland an an der Schwäiz aktiv. 2020 gouf d'Plattform vun iwwer 10.000 Professioneller aus dem medezinesche Beräich gebraucht an huet iwwer 15,5 Millioune Rendez-vouse pro Mount organiséiert.[4]

Geschicht

Wéi Doctena 2013 vum Patrick Kersten, Alain Fontaine a Marc Molitor gegrënnt gouf,[5] gouf et a gréisseren europäesche Stied wéi Paräis oder Berlin schonn änlech Konzepter, déi op medezinesch Rendez-vouse spezialiséiert waren. D'Entreprise huet sech dowéinst op méi kleng Länner a Stied spezialiséiert.[2]

Schonn 2014 huet d'Doctena sech op de belsche Maart getraut, mat enger éischter Implantatioun zu Bréissel,[6] an d'Joer drop dunn op den hollännesche Maart.[7]

2016 gouf an d'Schwäiz expandéiert[8] an an der Belsch huet Doctena de Konkurrent DocBook iwwerholl [9]; méi spéit och nach den däitsche Konkurrent Doxter.[10]

D'Joer drop huet Doctena den éisträichesche Konkurrent Mednanny opkaaft, duerno och déi medezinesch Spart vum däitschen Terminland[11] a vun der belscher Firma Sanmax.[12]

Zënter der COVID-19-Pandemie (2020) bitt Doctena Consultatiounen op Distanz un,[13] an och Ordonnancen, Attester an Analysen.[14] Géint Enn vum selwechte Joer huet Doctena matgedeelt, datt iwwer d'Hallschent vun den Dokteren zu Lëtzebuerg op Doctena vertruede wieren.[15]

2021 huet Doctena d'Impfplattform géint de Coronavirus vun der Regioun Bréissel, Bruvax, matentwéckelt.[16][17]

Referenzen