Donato Rotunno

italieenesche Filmregisseur a -produzent

Den Donato Rotunno gebuer den 8. Mee 1966 an der Stad Lëtzebuerg, ass en italieenesche Filmregisseur a -produzent.

Donato Rotunno
Gebuer8. Mee 1966
Lëtzebuerg
NationalitéitItalien
AktivitéitFilmregisseur, Filmproduzent, Dréibuchauteur

Liewen a Karriär

Dem Donato Rotunno seng Eltere sinn an den 1960er aus Italien op Lëtzebuerg emigréiert. Hien ass vir d'éischt an déi regulär lëtzebuergesch Schoul an duerno an d'Europaschoul gaangen.[1]

Hien huet säi Studium um Institut des Arts de Diffusion zu Louvain-La-Neuve 1992 mat engem Diplom ofgeschloss. Säi "film de fin d'études", Nebbiolo Rosso, krut 1992 den "Prix de la communauté française" vun der Belsch um Filmfestival vun Namouer.[2]

1995 huet hien d'Produktiounsfirma Tarantula Luxembourg matgegrënnt, mat där e bis 2020 eng 30 Filmer produzéiert huet.[3] 1996 huet en Tarantula Belgique gegrënnt.

An den 1990er an 2000er huet den Donato Rotunno Documentairë gedréint iwwer Themen, déi relevant fir Lëtzebuerg sinn. Dozou gehéiere Filmer iwwer d'Immigratioun mat Terra Mia (1998), Les Mesures du rectangle (2002) an Terra mia terra nostra (2012), d'kulturell Diversitéit mat Blà, Blä, Blá (2010), oder d'Plaz vun der Politik an onser Gesellschaft mat André an d'dissident Stëmmen (2000).

Fir säin éischte fiktive Spillfilm, den Horror-Thriller In a Dark Place, krut hien 2007 de Lëtzebuerger Filmpräis an der Kategorie "Beschten artistesche Bäitrag". Et handelt sech ëm eng Neierzielung vum Henry James senger Geeschtergeschicht "The Turn of the Screw".

Zesumme mat anere Produzenten huet den Donato Rotunno 2013 d'Filmstudioe Filmland zu Kielen matgegrënnt.

Säin zweete Film, d'Romanadaptatioun Baby (a)lone, war 2015 déi lëtzebuergesch Propositioun fir eng Oscar-Nominatioun an der Kategorie "Beschten Internationale Film".[4] En ass op ville Festivaller gelaf. Fënnef Joer méi spéit gouf säin drëtte Spillfilm, Io sto bene erëm vu Lëtzebuerg bei den Oscaren agereecht.[5]

Filmographie

Um Spaweck

Referenzen