Edward Elgar

De Sir Edward William Elgar, 1st Baronet, OM, GCVO, gebuer den 2. Juni 1857 zu Lower Broadheath, bei Worcester, England, a gestuerwen den 23. Februar 1934, war en englesche Komponist, vun deem sengem Wierk eng Rëtsch Kompositiounen haut an de Repertoire vu moderner klassescher Concerts-Musek gehéieren. Zu senge bekanntste Kompositiounen an Orchesterwierker zielen, d'Enigma Variations, d'Pomp and Circumstance Marches, Concerti fir Gei an Cello, an zwou Sinfoniën. Hien huet och Stécker fir Chouer geschriwwen, dorënner The Dream of Gerontius, Kammermusek a Lidder. 1924 gouf hien zum Master of the King's Musick ernannt.

Edward Elgar
Gebuer2. Juni 1857
Gestuerwen23. Februar 1934
Worcester
DoudesursaachDéckdaarmkriibs
NationalitéitVereenegt Kinnekräich
AktivitéitKomponist, Dirigent
Den Edward Elgar(1931).

Den Elgar war ee vun deenen Éischten, deen de Grammophon als Medium eescht geholl huet, fir seng Musek ze verbreeden. Tëscht 1914 an 1925 huet hien eng jett vu senge Kompositioune fir Schallplacken ophuele gelooss.

Wierk (Auswiel)

Orchesterwierker

  • Froissart, Ouverture, Op. 19 (1890)
  • Serenade for Strings, Op. 20 (1888–1892)
  • Variations on an Original Theme (Enigma), Op. 36 (1899)
    • dorënner Variation 9 Nimrod
  • Cockaigne (In London Town), concert overture, Op. 40 (1900–1901)
  • Pomp and Circumstance, Fënnef Märsch, all Op. 39 (1901–1930)
    • March No. 1 in D (1901) (dorann dat bekannt Land of Hope and Glory)
  • In the South (Alassio), Ouverture, Op. 50 (1903–1904)
  • Introduction and Allegro fir Sträichquartett an Orchester, Op. 47 (1904–05)
  • The Wand of Youth, Suiten Nos. 1 an 2, Opp. 1a/b (1867–71, rev. 1907/8)
  • Symphony No. 1 in A-flat, Op. 55 (1907–1908)
  • Violin Concertoin B minor, Op. 61 (1909–1910)
  • Romance for bassoon and orchestra, Op. 62 (1910)
  • Symphony No. 2 in E-flat, Op. 63 (1909–1911)
  • Falstaff, sinfonesch Etude, Op. 68 (1913)
  • Cello Concerto in E minor, Op. 85 (1918–1919)
  • The Severn Suite, Op. 87 (1930) (fir Blechbléis-Orchester, 1932 adaptéiert fir Orchester)

Kantaten an Oratorien

  • The Black Knight, Sinfonie/Kantat fir Chouer an Orchester, Op. 25 (1889–1892)
  • The Light of Life (Lux Christi), Oratorium fir Sopran-, Alt-, Tenor- a Basssolisten, Chouer an Orchester, Op. 29 (1896)
  • Scenes From The Saga Of King Olaf, Kantat fir Sopran-, Alt-, Tenor- a Basssolisten, Chouer an Orchester, Op. 30 (1896)
  • Caractacus, Kantat fir Sopran-, Alt-, Tenor- a Basssolisten, Chouer an Orchester, Op. 35 (1897–1898)
  • The Dream of Gerontius, fir Mezzosopran-, Alt-, Tenor- a Basssolisten, Chouer an Orchester, Op. 38 (1899–1900)
  • The Apostles,Oratorium fir Sopran-, Kontra-Alt-, Tenor- an dräi Basssolisten, Chouer an Orchester, Op. 49 (1902–1903)
  • The Kingdom , Oratorium fir Sopran-, Alt-, Tenor- an dräi Basssolisten, Chouer an Orchester, Op. 51 (1901–1906)
  • The Music Makers , Od fir Kontra-Alt- a Mezzo-Sopran-Solisten, Chouer an Orchester, Op. 69 (1912)

Lidder

  • "The Wind at Dawn", Gedicht vum C. Alice Roberts (1888)
  • Sea Pictures, (Sea Pictures: A Cycle of Five Songs for Contralto), Op. 37. (1897–1899)
  • "Land of Hope and Glory", Text vum A. C. Benson (1902)
  • Seven Lieder of Edward Elgar (1907)

Um Spaweck

Commons: Edward Elgar – Biller, Videoen oder Audiodateien
Wikiquote: Edward Elgar – Zitater