Erfurt

Landeshaaptstad vun Thüringen, Däitschland
Dëse Geographiesartikel iwwer Däitschland ass eréischt eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.


Erfurt ass d'Landeshaaptstad vum däitsche Bundesland Thüringen. Si ass zugläich déi gréisst Stadt vun Thüringen an nieft Jena a Gera am Osten ee vun den dräi Haaptzentre vum Land. Wichtegst Institutioune sinn, ausser de Landesautoritéiten, d'Bundesaarbechtsgeriicht, d'Universitéit Erfurt an de kathoulesche Bistum Erfurt, deem seng Kathedral, den Erfurter Doum, nieft der Kréimerbréck, eng vun den Haaptsehenswierdegkeete vun der Stad ass. Doriwwer eraus ass d'Stad duerch säi mëttelalterlechen Alstadtkär mat ongeféier 25 Parkierchen a vill Fachwierk- a Biergerhaiser markéiert.

Erfurt
LandDäitschland
BundeslandThüringen
BuergermeeschterAndreas Bausewein
Awunner214.969
 (31. Dezember 2022)
Fläch269.17
Héicht195
Koordinaten50°58'41"N, 11°1'44"O
Telefonszon361
Postcode99084
Websäithttps://www.erfurt.de/
Jumelage matVilnius

Um Spaweck

Commons: Erfurt – Biller, Videoen oder Audiodateien
Erfurter Doum a Severikierch