Ernest Toussaint

lëtzebuergesche Sportler, Olympionik a Resistenzler

Den Ernest Toussaint, gebuer de 6. Mäerz 1908 zu Rëmeleng a gestuerwen den 3. September 1942 zu Hinzert, war e lëtzebuergesche Boxer, Olympionik[1] a Resistenzler.

Ernest Toussaint
Gebuer8. Mäerz 1908
Rëmeleng
Gestuerwen3. September 1942
SS-Sonderlager Hinzert
DoudesursaachSchosswonn
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitBoxer
KompetitiounsklassSchwéiergewiicht
Plakat dat d'Hiriichtung vum Ernest Toussaint bekannt ginn huet

Hien huet Lëtzebuerg op den Olympesche Summerspiller 1936 zu Berlin vertrueden.[1],[2]

Nodeem hie beim Generalstreik vum 31. August 1942 géint d'Aféiere vum obligatoresche Militärdéngscht an der däitscher Wehrmacht vun de jonke Lëtzebuerger protestéiert hat gouf hie vun der Gestapo verhaft. Hie gouf vum "Standgericht" zum Doud verurteelt an den 3. September 1942 am KZ Hinzert erschoss.

Seng Wittfra a seng zwéi Jonge goufe vun den Nazien deportéiert.

Hie gouf posthum mat der Croix de l'Ordre de la Résistance 1940–1944 dekoréiert.[3]

Kuckt och


Referenzen