Fausti

lëtzebuergeschen Museker an Entertainer

De Faustino Cima, besser bekannt als Fausti, gebuer de 24. Juli 1940 an der Stad Lëtzebuerg, a gestuerwen den 20. Februar 2021[1], war e lëtzebuergesche Museker an Entertainer.

Fausti
de Fausti op engem Fuesbal (2017)
GebuertsnummFaustino Cima
Gebuer24. Juli 1940
Lëtzebuerg
Gestuerwen20. Februar 2021
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitEntertainer, Museker, Filmschauspiller

Liewen a Karriär

De "Fausti" huet schonn als Kand Solfège, Gei a Klarinett geléiert, am Alter vun 12 Joer koum nach d'Harmonika, Gittar a Batterie mat dobäi. Scho mat 15 Joer gouf e Beruffsmuseker an en ass mat dem Tango-Spezialist Rico Tuxillo zu Lugano opgetrueden.

Vun do u gouf hie vun den deemolege populären Orchestercheffe wéi dem Jempi Faust an dem Jean Roderes als Sänger oder Batteur engagéiert. Zäitweileg war hie bei de Luxembourg Singers derbäi.

Du koumen 12 onroueg Joren. Den Allround-Artist Fausti ass "getourt". An der Schwäiz, Belsch, an Däitschland, Holland an zu Lëtzebuerg, dovu véier Joer mat enger eegener Band.

Wéi den Udo Jürgens 1966 beim Grand Prix Eurovision de la Chanson mat Merci Chérie déi éischt Plaz gemaach huet, huet de Fausti am grousse Begleetorchester op der Batterie ramouert.

An Däitschland hat de Fausti 1969 säin éischte Succès: seng däitschsproocheg Parodie vum Chris Andrews sengem Hit Pretty Belinda huet sech ronn 55.000 Mol verkaaft.[2]

Dat war seng éischt Plack. 1973 huet en eng weider däitschsproocheg Single erausbruecht, bei där d'B-Säit Ich bin 'ne kleine Maus bal méi Succès hat wéi d'A-Säit, eng Parodie op den Hot Butter hiert Stéck Popcorn.

Seng éischt Plack op Lëtzebuergesch koum eréischt 1983 eraus, et war Fuesparty mam Fausti. Domat war och fir dem Jang Linster seng Plackeproduktioun eng Erfollegstory agelaut ginn.

Am Februar 2012 huet hien op d'Initiativ vun Eldoradio mat der Joëlle Gelhausen vun Angel at My Table, dem Ben Thommes vun Inborn, dem Pit Romersa vun Eternal Tango an dem Jeff Poggi an dem René Macri vun De Läb d'Grupp Kowadiz forméiert.[3] Hiert d'Lidd Wou gees de? huet et bis op déi éischt Plaz an den iTunes Charts Lëtzebuerg bruecht.[4]

Am Januar 2014 koum säin neien Album Raschte kanns de dono eraus.

De Fausti gouf de 25. Februar 2021 zu Biissen am Geich-Bëschkierfecht ënnert dem Bam N° 5 bei senger Fra a Frënn bäigesat[5].

Bekannt Lidder (Auswiel)

  • Hätt ech gutt en Hummer
  • Moss am Bic
  • On se Biitsch
  • Petz mir sin um Netz
  • Zirtakiki Dänz
  • Gigi l'amoroso
  • Mademoiselle Ninette
  • Das arme Mädchen von Seite 1
  • Zwou Bulle Mokka

Discographie

Offiziell Alben[6]
Nr.JoerTitel
11982Fuesparty Mam Fausti
21984Juxparty Mam Fausti
31986'T as Kiirmes Am Duerf
41987Maus Ketti & Kompanie (mat Susy Lentz, Marion Welter)
51988De Kréckel Néckel (mat Jang Linster, Ab van Goor)
61993Ënnerwee (mat Dicksy-Lentz Bänd, Maria Castellano, Änder Hirtt, Ab van Goor)
71995Fiesta mam Fausti
81998Kannermusek (mat Cécile Hemmen)
91999Specktakel (mat René Pütz, Marc Faber, Rich Browers, Trei Sei)
102014Raschte Kanns de Dono
112021Déi Nächst Vakanz Kënnt Bestëmmt
Singelen an EPen[6]
Nr.JoerTitel
11969Klara, Mach Auf

Pretty Belinda (Ich Sitze Im Schlauchboot)

21970Mademoiselle Ninette versteckt ihr Geld im Bett

Überall, irgendwann

3Das Arme Mädchen Von Seite 1

La-La-L'amour

41971Schalalaleila, Ich Bin Ne Kleine Maus

Sweet Mary Ann

5Ukelele

Sing A Song

61972Popcorn Essen Ist Gesund

Schalalaleila, Ich Bin Ne Kleine Maus

71975Gratuliere Madame

...Und Er Spielte Seine Lieder

81981Natascha

Schwabbelrock

91984De Moukeking

Et Sin Déng Grouss Onschëlleg Aen

101996Bella Bulla
112000Zirtakiki Dänz

Documentaire

2015 koum en Dokumentarfilm vum Andy Bausch iwwer de Fausti eraus: Faustino One Man Show.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Fausti – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen