Federica Mogherini

D'Federica Mogherini, gebuer de 16. Juni 1973 zu Roum, ass eng italieenesch Politikerin vum Partito Democratico (PD).

Federica Mogherini
GebuertsnummFederica Maria Mogherini
Gebuer16. Juni 1973
Roum
NationalitéitItalien
AktivitéitPolitiker
ParteiPartito Democratico
Member vunEuropean Leadership Network, American Academy of Arts and Sciences
Famill
PappFlavio Mogherini

Si war vum 1. November 2014 bis den 30. November 2019 Vizepresidentin an der Europäescher Kommissioun ënner der Presidence vum Jean-Claude Juncker a gläichzäiteg d'Héich Representantin vun der EU fir Aussen- a Sécherheetspolitik, zu deem se den 30. August 2014 vun Europäesche Conseil designéiert gi war.[1]

2008 an 2013 war si an déi italieenesch Deputéiertechamber gewielt ginn. Vum 22. Februar 2014 bis den 31. Oktober 2014 war si Ausseministesch an der Regierung vum Premierminister Renzi.

2020 gouf si zur Direktesch vum Collège d'Europe vu Bruges ernannt.

Si ass bestuet an huet zwou Duechteren.[2]

Um Spaweck

Commons: Federica Mogherini – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen