Ferrara


Ferrara ass eng italieenesch Stad mat 133.266 Awunner (2007), déi am Po-Flaachland läit. Ferrara ass bekannt duerch seng vill schéi Gebaier aus der Renaissance-Zäit (z. B. d'Kathedral San Giorgio an de Palazzo Giulio d'Este). D'Stad Ferrara an de Po-Delta si vun der UNESCO op d'Lëscht vum Weltierwe gesat ginn (1995, 1999).

Ferrara
LandItalien
RegiounEmilia-Romagna
ProvënzFerrara
Koordinaten44°50'7,069"N, 11°37'11,514"O
Fläch405,16 km²
Awunner129.340 (1. Januar 2023)
Héicht9 m
ISTAT038008
Den Diamantepalais, ee vun de Symboler vu Ferrara
Ferrara, d'Kathedral San Giorgio

Geschicht

Ferrara ass warscheinlech als Siidlung duerch d'Awunner vun de Lagunen ëm d'Po-Mëndung gegrënnt ginn. Si gouf fir d'éischt an engem Dokument vum Aistulf vu 753 oder 754 ernimmt a war een Deel vum Exarchat Ravenna. No 984 gouf si verwalt vum Tedalda, Grof vu Modena a Canossa, engem Neveu vum Keeser Otto I. Duerno gouf Ferrara selbständig, an 1101, no enger Belagerung, vun der Markgräfin Matilda eruewert. Zu där Zäit gouf d'Stad vun engem Grupp vu bedeitende Famillen dominéiert, dorënner och d'Adelardiën. Wéi de Guglielmo, de leschte vun den Adelardiën, gestuerwen ass goung säi Besëtz un den Azzolino d'Este iwwer. Vun do un hat d'Famill d'Este zu Ferrara d'Soen. Zu Ferrara erënnert villes u si.

1391 gouf d'Universitéit vu Ferrara gegrënnt. De Niccolò III. (1393-1441) huet puer Peepst mat groussem Pomp zu Ferrara empfaangen, ganz besonnësch den Eugen IV., deen do 1438 ee Konzil ofgehalen huet.

Ercole I. (1471-1505) huet e Krich géint Venedeg gefouert. Säi Fils Alfonso I. huet sech mam Lucretia Borgia bestuet an huet de Krich géint Venedeg mat Erfolleg virugefouert. 1509 gouf hie vum Poopst Julius II. exkommunizéiert an huet dunn och géint déi peepstlech Arméien Krich gefouert. Mat de Peepst, déi duerno koumen, huet den Alfonso Fridde geschloss. Säin Enkel, Alfonso II, gouf mam Barbara, enger Sëschter vum Keeser Maximilian II., bestuet. Ënner him huet Ferrara seng Glanzzäit erlieft. Villes ass vun der Este-Famill fir d'Konscht gemaach ginn. Well den Alfonso II. kee männlechen Ierwen hat, huet de Poopst Clemens III. Usproch op Ferrara erhuef. D'Stad ass dunn en Deel vum Kierchestat bliwwe bis et an d'Kinnekräich Italien integréiert gouf.

An der Kathedral

Kuckeswäertes

  • d'Kathedral San Giorgio
  • de Palazzo Giulio d'Este
  • den Diamantepalais
  • déi 9 Km laang Stadmaueren

Literatur

Birgit Emich: Territoriale Integration in der Frühen Neuzeit. Ferrara und der Kirchenstaat, Köln/Weimar/Wien: Böhlau 2005, 1178 S. ISBN 3-412-12705-1 (Habilitatioun Freiburg 2002)

De Castello Estense

Bekannt Perséinlechkeete vu Ferrara

  • Alfonso I. d'Este, Herzog vu Ferrara, Modena a Reggio Emilia
  • Michelangelo Antonioni, italieenesche Filmregisseur, Auteur a Moler
  • Lorenzo Costa, italieenesche Moler
  • Francesco del Cossa, italieenesche Moler
  • Ercole I. d'Este, Herzog vu Ferrara, Modena an Reggio Emilia
  • Ercole II. d'Este, Herzog vu Ferrara, Modena an Reggio Emilia
  • Ippolito I. d'Este, Äerzbëschof a Kardinol
  • Ippolito II. d'Este, Äerzbëschof vu Mailand a Kardinol
  • Isabella d'Este, eng vun de wichtegste Persounen an der Kultur a Politik vun der italieenescher Renaissance
  • Giorgio Bassani, italieenesche Schrëftsteller an Dichter

Kuckt och

Um Spaweck


Commons: Ferrara – Biller, Videoen oder Audiodateien