Fuesent

Brauch; Period vu Liichtmëssdag bis Halleffaaschtesonndeg
Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

D'Fuesent (phoneetesch Varianten am Kapitel hei drënner) ass eng Period, déi meeschtens an de Februar fält, an am enke Sënn aus e puer Deeg virum Äschermëttwoch, mat deem d'Faaschtenzäit ufänkt, besteet; an engem méi wäite Sënn awer bis e puer Woche virun Ouschteren dauert.

Kavalkad zu Waasserbëlleg (2010)

Si ass charakteriséiert duerch Fuesbaler, Kavalkaden, asw.

Am Bezuch op aner Länner gëtt dacks de Begrëff Karneval fir d'Fuesent benotzt, well en do och esou genannt gëtt. Dee bekanntsten dierft de Karneval vu Rio sinn.

Geschicht

A vill Forme geet d'Fuesent op déi alréimesch Lupercalien (lat. lupercalia) a Saturnalien (lat. saturnalia) zeréck. Dës Forme sinn ë. a. Maskespiller, Festiessen oder e Joresfeier (z.B. d'Buergbrennen)[1]. Am ale Griicheland bestoung schonn de Brauch, op dem 15. Februar eng Geess z'afferen, där hir Haut d'Paschtéier an dënn Sträife geschnidden hunn, fir domat all déi ze gäisselen, déi em Vergebung gefrot hunn oder déi Fraen, déi gehofft hunn an aner Ëmstänn ze kommen. Ëm 1500 v. Chr. koum de Brauch op Roum, wou aus der ritueller Zeremonie en Amusement gouf. D'Chrëschtentum huet ouni Erfolleg probéiert d'Saturnalien ze verdrängen an am Mëttelalter gouf doraus d'Fuesent[2].

Als Fuesent (och nach Fuesguddenuecht[3]) gouf ursprénglech den Owend virum éischte Faaschtendag[4] bezeechent, also de Fuesdënschdeg, wou am Hibléck op déi méi moer Deeg déi duerno kommen, nach vill gedronk a giess gouf.

D'Fuesent, déi ausgeloossen Zäit, fänkt hautdesdaags zu Lëtzebuerg op Liichtmëssdag un, huet hiren Héichpunkt op Fetten Donneschdeg[5], Fuessonndeg (Quiquagesimae) an op den zwéin Deeg duerno (Fuesméindeg a -dënschdeg). Streng geholl dauert d'Fuesent bis Äschermëttwoch, geet awer gemenkerhand bis Halleffaaschtesonndeg[1].

An Erënnerung un al heednesch Bräich, goufe fréier op Fetten Donneschdeg dekoréiert „Danzenochse“ vun de lokale Metzleren duerch d'Gaasse vun de Stied gedriwwen. Dëse Brauch huet nach bis géint 1900 zu Iechternach bestanen[6][7]. Um selwechten Dag sinn och d'Kanner duerch d'Gaasse gaangen, hunn Heeschelidder gesongen a fir Miel, Speck an Eeër gebiedelt. Déi geheescht Saache goufen all zesumme gedroen an et goufe Fueskichelcher doraus gebak[1].

Masken- an Heeschenëmzich goufen op de Fuesdeeg organiséiert, sou z. B. d'Heemelmaus-Kavalkad (lok. Hämelmaous-Kavalkad) zu Iechternach oder de Mohamed-Ëmzuch zu Ettelbréck. Anerer sinn op Halleffaaschten ofgehale ginn[1]. Hautdesdaags gëtt et just nach e puer Kavalkaden uechter Land, d'Fuesboke sinn elo éischter op de Fuesbaler ënnerwee, déi a villen Uertschaften organiséiert ginn.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel Kavalkad an am Artikel Dikrecher Kavalkad

Traditionell gëtt op Äschermëttwoch zu Réimech der Fuesent (awer och der kaler Joreszäit) Äddi gesot, andeems d'Fuesent symbolesch verbrannt gëtt. Zu deem Zweck gëtt eng stréie Popp (e Stréimännchen oder an engem Schaltjoer eng Stréifrächen) an engem Cortège duerch d'Stad gedroen, op der Muselbréck verbrannt an an d'Musel gehäit[6][8].

Alternativ Nimm fir d'Fuesent

Um Spaweck

Commons: Fuesent – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten