Gustav Holst

brittesche Komponist

De Gustav Theodore Holst (ausgeschwat: [həʊlst]), gebuer den 21. September 1874 zu Cheltenham als Gustavus Theodore von Holst, a gestuerwen de 25. Mee 1934 zu London, war en englesche Komponist.

Gustav Holst
GebuertsnummGustavus Theodore von Holst
Gebuer21. September 1874
Cheltenham
Gestuerwen25. Mee 1934
London
DoudesursaachHäerzschwächt
NationalitéitVereenegt Kinnekräich, Vereenegt Kinnekräich
EducatiounUniversity College London
AktivitéitKomponist, Librettist, Museksprofesser
Famill
KannerImogen Holst

Hien ass virun allem bekannt fir seng Orchestersuite The Planets (1914-1916).

Den Holst huet um Royal College of Music zu London Kompositioun an Trombonn studéiert, an duerno vun 1898 bis 1903 a verschiddenen Orchesteren als Trombonnist gespillt. Spéider huet hien a verschiddenen Institutiounen als Museksprof geschafft a gouf du musikaleschen Direkter op der St Paul's Meederchersschoul zu Hammersmith.[1]

Tëscht 1919 an 1923 huet den Holst Kompositioun um Royal College of Music op der Universitéit Reading enseignéiert. Seng Duechter Imogen Holst (1907−1984) war och Komponistin an Dirigentin.

Wierker (Auswiel)

The Planets ass sécherlech déi bekanntst vum Holst senge Kompositiounen. Et sinn dëst siwe Stécker, déi jee ee vun de Planéite vun eisem Sonnesystem, respektiv déi réimesch Gëtter, no deene se genannt goufen, evokéieren. Besonnesch d'Stéck iwwer de Krichsgott Mars gëtt dacks a gär gespillt an och zitéiert, an eng jett Filmmusek-Komponisten hu sech dru méi wéi just inspiréiert. Och Jupiter gouf populär.

Operen/Bünewierker

  • The Idea (ca. 1896)
  • Savitri (1916)
  • The Perfect Fool (1918–1922/1923)
  • At the Boar's Head (1924/1925)
  • The Tale of the Wandering Scholar (1929)

Vokalwierker

  • Choral Hymns from the Rig Veda (1908-1912)
  • The Hymn of Jesus für Chor und Orchester (1917)
  • Chor-Ballett The Golden Goose (1926)
  • Chor-Ballett The Morning of the Year (1927)

Orchesterwierker

  • The Mystic Trumpeter op. 18 (1904)
  • A Somerset Rhapsody (1907)
  • Fugal Concerto fir Flütt, Hautbois a Sträichorchester op. 40/2 (1923)
  • Chorsymphonie op. 41 fir Sopran,Chouer an Orchester (1923/24)
  • Duebelconcert fir 2 Violinen an Orchester op. 49 (1929)
  • St. Paul's Suite (1913, mam Finale als Neiarrangement vum 4. Saz vun der Second Suite in F for Military Band):
    • Jig
    • Ostinato
    • Intermezzo
    • Finale (The Dargason)
  • The Planets (1914)
    • Mars, the Bringer of War
    • Venus, the Bringer of Peace
    • Mercury, the Winged Messenger
    • Jupiter, the Bringer of Jollity
    • Saturn, the Bringer of Old Age
    • Uranus, the Magician
    • Neptune, the Mystic
  • Lyric Movement (1933)

Fir Blosorchester/ Military-Band

  • Three Folk Tunes (March on Three Folk Tunes), H106A (1905)
  • First Suite in E-flat for Military Band op. 28/1 (1909)
    • Chaconne
    • Intermezzo
    • March
  • Second Suite in F for Military Band op. 28/2 (1911)
    • March: Morris Dance, Swansea Town, Claudy Banks
    • Song Without Words "I'll Love my Love"
    • Song of the Blacksmith
    • Fantasia on the "Dargason"
  • The Praise of King Olaf for Choir and Military Band (1910-11)
  • A Moorside Suite (1928)
    • Scherzo
    • Nocturne
    • March
  • Fugue à la Gigue (Johann Sebastian Bach (BWV577), arr. Holst) (1928)
  • Hammersmith Prelude and Scherzo, op. 52 (1930)
    • Prelude
    • Scherzo.

Literatur

  • Imogen Holst: Holst. Faber & Faber, London 1974

Um Spaweck

Commons: Gustav Holst – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen