Gustave Doré

De Gustave Doré, gebuer zu Stroossbuerg de 6. Januar 1832, op N° 5 (haut 16), Rue de la Nuée-Bleue, a gestuerwen den 23. Januar 1883 zu Paräis a senger Wunneng an der Rue Saint-Dominique, war e franséischen Zeechner, Graveur, Sculpteur a Moler.

Gustave Doré
GebuertsnummPaul Gustave Louis Christophe Doré
Gebuer6. Januar 1832
Stroossbuerg
Gestuerwen23. Januar 1883
Paräis
NationalitéitFrankräich
AktivitéitMoler, Illustrateur, Karikaturist, Comicauteur, Graphiker, Graveur, Sculpteur
Famill
Liewenspartner(in)Alice Ozy
De Gustave Doré, Foto vum Nadar, 1867.
Den Tuerm vu Babel - Bibelillustratioun vum Doré, déi de Salvador Dalí staark beaflosst huet

Hien huet als jonke Mënsch bei satireschen a kriteschen Zeitunge matgeschafft. E gouf awer haaptsächlech bekannt duerch d'Illustratioun vu Wierker wéi de Pantagruel vum Rabelais, d'Bibel[1] an der Iwwersetzung vum Bourassé a Janvier, och nach Bible de Tours genannt, d'Contes drolatiques vum Balzac an d'Fables de la Fontaine.

Seng Imaginatioun a Fantasie hunn aus him een exceptionellen Zeechner a Moler gemaach.

Um Spaweck

Commons: Gustave Doré – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen