Hermann Staudinger

däitsche Cheemiker an Nobelpräisdréier

Den Hermann Staudinger, gebuer den 23. Mäerz 1881 zu Worms a gestuerwen den 8. September 1965 zu Freiburg im Breisgau, war en däitsche Cheemiker an Nobelpräisdréier.

Hermann Staudinger
Gebuer23. Mäerz 1881
Worms
Gestuerwen8. September 1965
Freiburg im Breisgau
NationalitéitDäitschland
EducatiounETH Zürich
AktivitéitChimist, Ingenieur, Universitéitsprofesser
Member vunDäitsch Akademie vun den Naturfuerscher Leopoldina, Bayeresch Wëssenschaftsakademie

Den Hermann Staudinger war organesche Cheemiker an huet d'makromolekulär Chimie (Polymerchimie, oder Chimie vun de Makromoleküler) gegrënnt. Hien huet wichteg Bäiträg zu der Strukturopklärung vun de Makromoleküler Cellulos, Steift, Kautschuk a Polystyrol geleescht. Hien huet d'Stoffgrupp vun de Ketenen entdeckt an huet e Procedé fonnt fir Diazomethan duerzestellen, eng Reduktiounsmethod vu Carbonylgruppen zu Methylengruppen.

Hie war noenee Professer um Institut fir Organesch Chimie zu Karlsruhe, op der ETH zu Zürich an op der Universitéit Freiburg im Breisgau.

1953 krut hien den Nobelpräis fir Chimie "fir seng Entdeckungen um Gebitt vun der makromolekularer Chimie".

Gielercher

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Hermann Staudinger – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen