Hiroshima

Stad a Japan

Hiroshima ass eng Stad am südwestleche Japan. Mat 1.173.482 Awunner op enger Fläch vun 905,25 km² ass et déi eeleftgréisste Staat a Japan.

Hiroshima
Den Zentrum vun Hiroshima
LandJapan
VewaltungseenheetPrefektur Hiroshima
Awunner1.198.021
 1. Februar 2021
Fläch907
Héicht?
Koordinaten34° 23’ 07’’ N
      132° 27’ 19’’ O
Telefonszon82
Postcode730-8586
Websäitwww.city.hiroshima.lg.jp

Der Weltëffentlechkeet bekannt gouf d'Stad op ee Coup, nodeem d'Amerikaner de 6. August 1945 eng Atombomm (Little Boy) do erofgehäit haten. Dat war déi éischt vun den zwou eenzegen Atombommen, déi bis elo an engem Krich agesat goufen. Deemools sinn ëm déi 200.000 Leit op der Plaz gestuerwen, an d'Stad gouf zu 80 % zerstéiert. 4 Joer no der Explosioun gouf d'Stad lues a lues erëm opgebaut, fir hiren haitegen Zoustand z'erreechen. Mä nach haut stierwe Leit un de Follge vun der Stralung vun der Atombomm.

Um Spaweck

Commons: Hiroshima – Biller, Videoen oder Audiodateien