Ielebou

Den Ielebou, op Latäin: articulatio cubiti, ass e Gelenk dat den ieweschten Deel mam ënneschten Deel vum Aarm verbënnt.

Röntgenfoto vun engem Ielebougelenk vun der Säit

Et ass e besonnescht Gelenk, well den ieweschten Aarm aus enger (dem humerus), deen ënneschten aus zwou Schanke besteet. Dat bedeit, datt den Ielebou net nëmmen erméiglecht, den Aarm ze béien, mä och, den ënneschten Aarm ze dréinen. Dobäi dréint sech d'Speech (radius) ëm d'Ieleschank (ulna).

D'Gelenk vum Ielebou gëtt zesummegehal duerch Bänner, déi bannen a bausse vum Gelenk lafen.

Kuckt och