Isfahan

Isfahan, Farsi: اصفها (Eṣfahān), ass eng Stad am Zentraliran mat ronn 1.755.000 Awunner (2012) an d'Haaptstad vun der Provënz mam selwechten Numm.

Isfahan
Isfahan
LandIran
VewaltungseenheetProvënz Isfahan
Awunner1.961.260
 2016
Fläch493,82 km²
Héicht1500
Koordinaten32° 39’ 27’’ N
      51° 40’ 36’’ E
Telefonszon031
Postcode811
Websäithttps://isfahan.ir/
d'Meidān-e Emām (Plaz vum Imam)

Isfahan hat seng Glanzzäit ënnert der Dynastie vun de Safawiden (1501–1722), déi et 1598 zu hirer Haaptstad gemaach hunn an dofir eng Rëtsch Prachbauten a Gäert opgeriicht hunn, absënns d'Prachtmoscheeë ronderëm d'Imam-Plaz am Zentrum.

Et läit ronn 400 Kilometer südlech vun der Haaptstad Teheran eng 1500 Meter iwwer dem Mier an enger Floss-Oas am Dall vum Zayandeh Rud, um Bord vun de Zagrosbierger.

Am Süden an am Weste vun der Stad sinn d'Bachtiari-Bierger, an am Norden an am Oste läit den iranesche Plateau, deen an d'Wüsten iwwergeet.

Kuckeswäertes

  • D'Alstad mat hire Palaisen, Minaretten an de bloe Kuppele vun de Moscheeën;
  • d'Si-o-se Pol, eng Bréck mat 33 Béi vu 1602;
  • d'Imam-Plaz mat hiren duebelstäckegen Arkade ronderëm, mat op hiren Ecken de Prachtmoscheen Masǧed-e Emām a Lotfollāh), dem Ālī Qāpū-Palais ("Héich Paart") an dem Basar um nërdleche Wupp. Si ass déi gréisst Plaz vun där Zort op der Welt a gehéiert zanter 2012, zesumme mat der Freidesmoschee vun Isfahan (Masjed-e Jāmé) zum der UNESCO-Weltkulturierwen.
d'Imam-Plaz (Meidān-e Emām).

Galerie

Um Spaweck

Commons: Isfahan – Biller, Videoen oder Audiodateien