Benny Reiter

lëtzebuergesche Sportler
(Virugeleet vu(n) Jeannot Reiter)


De Benny Reiter oder Jeannot Reiter, gebuer de 14. Oktober 1958 ass e lëtzebuergesche Foussballtrainer a fréiere Foussballspiller.[1]

Benny Reiter
Gebuer14. Oktober 1958
Lëtzebuerg
NationalitéitLëtzebuerg
AktivitéitFoussballspiller, Foussballtrainer
Positioun oder
Spezialitéit
Stiermer
Veräin/EkippFC Etzella Ettelbréck,
C.A. Spora Lëtzebuerg,
Lëtzebuergesch Foussballnationalekipp

Tëscht dem 21. September 1977 am 15. November 1989 huet de Benny Reiter an 49 Matcher fir déi lëtzebuergesch Foussballnationalekipp 5 Goler geschoss.[2]

Vun 1977 bis 1982 huet hie beim FC Etzella Ettelbréck gespillt, duerno war hie bis 1984 beim FC Châlon-sur-Saône. An der Saison 1984/85 huet hie fir En Avant Quincamp gespillt an déi Saison duerno beim FC Montceau. Vun 1986 bis 1991 huet hien dunn nees zu Lëtzebuerg bei der Spora Lëtzebuerg gespillt.[3]

Vun 1992 bis 1994 war hie Spillertrainer beim FC Sporting Mäerzeg. 1996/97 war hien Trainer beim F91 Diddeleng an duerno vun 1997 bis 2000 Spillertrainer beim Progrès Nidderkuer. An der Saison 2000/2001 war hien dunn Trainer beim Avenir Beggen. Vun 2003 bis 2005 war hien Trainer bei der Union Lëtzebuerg a vun 2007 bis 2009 an der selwechter Funktioun beim FC Berdenia Berbuerg. An der Sasion 2009/2010 huet hien d'Etzella Ettelbréck trainéiert an zanter 2011 ass hien Trainer bei der US Munneref.

Referenzen