Johannes Brahms

däitsche Komponist

De Johannes Brahms, gebuer de 7. Mee 1833 zu Hamburg a gestuerwen den 3. Abrëll 1897 zu Wien, war en däitsche Komponist.

Johannes Brahms
PseudonymG.W. Marks
Gebuer7. Mee 1833
Hamburg
Gestuerwen3. Abrëll 1897
Wien
DoudesursaachLiewerkriibs
NationalitéitHamburg
AktivitéitKomponist, Dirigent, Pianist
Member vunAcadémie des beaux-arts, Akademie der Künste Berlin

Vu sengem Papp dee Kontrabassist war huet de Johannes Brahms eng grëndlech Museksausbildung kritt an hien ass mat 10 Joer fir d'éischt als Pianist opgetrueden. Seng éischt Kompositounen huet hie bis op wéineg Ausname selwer zerstéiert.

1853 ass hie mam éisträichesche Violonist Reményi op eng Concertsrees gaangen an hien huet sech dobäi zu Hannover mam Violonist Joseph Joachim ugefrënnt, deen him de Robert Schumann virgestallt huet. Deen huet hien enthusiastesch der deemoleger Musekswelt als een zukünftegt Genie ugekënnegt. Dorophinn konnt de Brahms séier Frënn an Unhänger gewannen a souguer e puer Jugendwierker publizéieren.

Um Spaweck

Commons: Johannes Brahms – Biller, Videoen oder Audiodateien
Portrait vum Johannes Brahms vun 1853