Kanton Lëtzebuerg

ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen

De Kanton Lëtzebuerg ass ee vun den zwielef Lëtzebuerger Kantonen. E läit am Süde vu Lëtzebuerg.

Kanton Lëtzebuerg
LandLëtzebuerg
Chef-lieuLëtzebuerg
GemengenBartreng, Conter, Hesper, Lëtzebuerg, Nidderaanwen, Sandweiler, Schëtter, Steesel, Stroossen, Walfer, Weiler zum Tuer
Fläch238,46 km²
Awunner204.358

E grenzt am Norden un d'Kantone Miersch a Gréiwemaacher, am Osten un de Kanton Réimech, am Süden un de Kanton Esch-Uelzecht an am Westen un de Kanton Capellen.

De Kadaster huet déi zwéi fréier franséisch Kantonen a senger territorialer Andeelung bäibehalen, an zwar de Kanton Lëtzebuerg-Stad an de Kanton Lëtzebuerg-Land[1].

Déi 11 Gemengen aus dem Kanton sinn:

Kanton Lëtzebuerg
LAU-CodeGemengFläch (km²)[2]
LU0301 Bartreng17,39
LU0302 Conter20,55
LU0303 Hesper27,22
LU0304 Lëtzebuerg51,46
LU0305 Nidderaanwen41,36
LU0306 Sandweiler7,73
LU0307 Schëtter16,10
LU0308 Steesel21,81
LU0309 Stroossen10,71
LU0310 Walfer7,06
LU0311 Weiler zum Tuer17,07
Fläch vum Kanton238,46

Demographie

Kuckt och

Referenzen