Katalounien

autonom Regioun a Spuenien

Katalounien (ca: Catalunya, oc[1]: Catalonha, es: Cataluña) ass eng Regioun an eng autonom Gemeinschaft a Spuenien.

Katalounien

{{{fändel_artikel}}}

{{{wopen_artikel}}}
  Land Spuenien
  HaaptstadBarcelona
  Offiziell Sprooch(en) Katalounesch, Aranesesch, Spuenesch
  Fläch 32.114 km²
  Awunner 7.522.596  2016)
  Bevëlkerungsdicht 235 Aw. / km²
  Autonome Statut 9. September 1932
18. September 1979
20. Juli 2006
  Offizielle Feierdag 11. September
  President Pere Aragonès  (ERC)
Lag vu Katalounien a Spuenien

Lag vu Katalounien a Spuenien
Lag vu Katalounien a Spuenien
Autonom Gemeinschafte vu Spuenien

Geographie

Katalounie läit am Norde vu Spuenien a grenzt am Norden u Frankräich an Andorra, am Osten un d'Mëttelmier, am Westen un d'Regioun Aragonien, an am Südwesten un d'Regioun Valencia. D'Fläch huet 32.114 km². Katalounien hëlt 6,3 % vun der Fläch vu Spuenien an.D'Haaptstad ass Barcelona.

Andeelungen

Katalounien ass a 4 Provënzen agedeelt, déi hirersäits an 42 Comarques an dann a Gemengen agedeelt sinn.

NummHaaptstadProvënzHaaptstad
KatalounienBarcelonaBarcelonaBarcelona
GironaGirona
LleidaLleida
TarragonaTarragona

Geschicht

Katalounien ass zanter dem 22. Dezember 1979 eng autonom Gemeinschaft.

Politik

De President vu Katalounien ass de Carles Puigdemont i Casamajó (PDeCAT). Parlementaresch Vertriedung am spuenesche Kongress si 46 Sëtz an am Senat si 7 Sëtz.

Demographie

Am Joer 2007 ass d'Awunnerzuel 7.210.508, dat si 15,96 % vun der spuenescher Populatioun a läit domat un zweeter Plaz.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Katalounien – Biller, Videoen oder Audiodateien