Kurfürst

E Kurfürst (lat.: princeps elector imperii, fr.: prince-électeur) war ee vun den am Ufank siwen, dono néng, an um Enn zéng Fürste vum Hellege Réimesche Räich, déi zanter dem 13. Joerhonnert exklusiv d'Recht haten, de réimesch-däitsche Kinnek ze wielen (vgl. Mhd.: kure - "Wal"). Traditionel war mam Kinnekstitel den Usproch verbonnen, vum Poopst zum réimesch-däitsche Keeser gekréint ze ginn.

D'Kurfürste wielen den Heinrich vu Lëtzebuerg zum Kinnek (Codex Balduineus, ëm 1340).

Am Mëttelalter an an der fréier Neizäit waren et siwen, dono néng Reichsfürsten, déi am Walcollège waren. All Kurfürst hat den Titel vun engem sougenannten Äerzamt (a Klameren hannendrun):

dräi geeschtlech Fürstbëscheef,

  • den Aërzbëschof vu Mainz als Reichserzkanzler fir Däitschland
  • den Aërzbëschof vu Köln als Reichserzkanzler fir Italien an
  • den Aërzbëschof vun Tréier als Reichserzkanzler fir d'Bourgogne

souwéi véier Fürsten,

  • de Kinnek vu Béimen als Erzmundschenk
  • de Palzgrof bei Rhein als Erztruchsess
  • den Herzog vu Sachsen als Erzmarschall an
  • de Maarkgrof vu Brandenburg als Erzkämmerer.

Am 17. goufen zwéi weider Fürsten zu Kurfürsten ernannt:

  • 1623 den Herzog vu Bayern als Erzschatzmeister an
  • 1692 den Herzog vu Braunschweig-Lüneburg (Hannover) als Erzbannerträger.

Wéi Bayern 1777 duerch Ierfschaft un de Pfalzgof bei Rhein iwwergoung, gouf fir d'Pfalz d'Kur-Fonctioun ofgeschaaft, iwwerdeems Bayern se behalen huet. Mam Reichsdeputationshauptschluss vun 1803 goufen déi geeschtlech Kure vu Köln an Tréier ofgeschaaft, de Kuräerzkanzler krut als Ersatz fir Mainz (dat d'Fransousen eruewert haten) dat nei geschafe Fürstentum Regensburg.Véier Reichsfürste kruten iwwerdeems eng nei Kurwürd. Dat waren:

  • den Herzog vu Salzburg,
  • den Herzog vu Württemberg,
  • de Maarkgrof vu Baden an
  • de Landgrof vun Hessen-Kassel.

Nodeems d'Herzogtum Salzburg am Fridde vu Bratislava 1805 un d'Keesertum Éisträich gefall war, gouf dat nei geschafe Groussherzogtum Würzburg e Kurherzogtum. Mä all dat hat schonn 1806, wéi d'Hellegt Réimescht Räich vun Däitscher Natioun opgeléist gouf, keng Bedeitung méi.