La revanche

La Revanche ass eng lëtzebuergesche Filmcomedie vum Andy Bausch, déi den 1. Oktober 2004 erauskoum. E gëllt als déi indirekt Fortsetzung vum Film Le Club des Chômeurs (2002).

La revanche
Film
Produktiounsland Lëtzebuerg
Produktiounsjoer2003-2004[1]
Première1. Oktober 2004
Dauer110 min.
OriginalsproochLëtzebuergesch
Franséisch
Ekipp
RegieAndy Bausch
DréibuchAndy Bausch
Jean-Louis Schlesser[2]
FotografieKlaus Peter Weber
MusekSerge Tonnar
SchnëttMisch Bervard
ProduzentNicolas Steil
Paul Thiltges
Produktiouns-
gesellschaft
Iris Productions
Paul Thiltges Distributions
Schauspiller
Thierry van Werveke als Jérôme
Sascha Ley als Tessie, dem Jérôme seng Fra
Cartouche als Tito
André Jung als Théid
Fernand Fox als Abbes
Fani Kolarova als Natacha
Marco Lorenzini als Bob
Angela Monteiro als Flora
Philippe Noesen als Aimé
Véronique Fauconnet als Teresa
Camillo Felgen als Paschtouer
Frédéric Frenay
Thorunn Egilsdottir
Mendaly Ries
Filmportal - Filmer no Joren - Film no Länner - Film no Genre

Ëm wat geet et am Film?

Lëtzebuerg, e klengt Land am Häerz vun Europa, ass bekannt fir de soziale Fridden a besonnesch fir seng Finanzplaz. Mä dëst multikulturelt Land, an deem déi auslännesch Populatioun e grousse Prozentsaz ausmécht, ass weeder fir seng Foussballsekippen, nach fir seng Chômeure bekannt.

Firwat net d'Chômeuren huelen, si als Geschäftsleit verkleeden an hinnen en internationale Foussballsclub grënne loossen, deen ee Succès nom anere feiert?

Filmproduktioun

De Film sollt nom groussen Erfolleg vu Le Club des Chômeurs eng indirekt Fortsetzung vun dësem sinn. Den Haaptpersonnage Jérôme "Geronimo" Klein an e puer aner Personnage sinn zwar nach déi selwechte, mee de Kontext ass en aneren. Esou war de Jérôme Klein am éischte Film ee celibataire Chômeur ouni Suen an an der Revanche spillt hien e bestuete Beamten dee bei der ADEM schafft.[3]

De Film gouf tëscht dem 20. Mäerz an dem 15. Abrëll 2004 zu Lëtzebuerg gedréint.[4] De Budget loung bei ronn 1,2 Milliounen Euro.[5]

La revanche ass och nach ënnert dem Aarbechtstitel La revanche des chômeurs bekannt.[1][6][7]

D'Avant-Première war den 29. September 2002 am Utopolis mat enger Releaseparty am Hollerecher Atelier, éier de Film dunn den 1. Oktober am reguläre Kino ugelaf ass.[5]

E gouf am Ganze vu 14.616 Leit gesinn.[8]

Wat sot d'Press?

An der Press sinn d'Kriticken op de Film ganz ënnerschiddlech ausgefall:[9]

La Revanche ist gegenüber dem Vorgänger ein Qualitätssprung. [...] Neben dem Beziehungsdrama Jérôme-Tessie (van Werveke ist ein hervorragend tragischer Jérôme, Ley ausgezeichnet als Frau, die mal so viel vor hatte) ist es diese „andere Seite" der hiesigen Multikultur, die La Revanche thematisieren will. Das gelingt vor allem über viele witzige Dialogszenen, Situationskomik und gelegentlichen Klamauk. Auf diese Weise gelingt auch meistens der Brückenschlag zwischen den drei Erzähl-Universen Fußballprojekt, Cabaret-Problematik und dem erotischen Karneval der Kulturen in Tessies Sprachenschule. Denn so visuell einfallsreich und detailversessen Auch Bausch auch in seinem neuen Film in nur 22 Drehtagen wieder einmal vorging, so überladen ist das Szenario.

Dass unter dem Strich ein Sittenbild des multikulturellen Luxemburgs dabei herauskommt, in dem Überlebenskünstler und Go-Go-Tänzerinnen, Gaunerfiguren und zwielichte Financiers aus dem Reich der 'Lulus' agieren, ist keine geringe Leistung.

Well den Andy Bausch beim „Club des Chômeurs“ Xenophobie virgeworf krut, mécht en elo bei „La revanche“ op Multikulti. Dat mécht nach kee gudde Film draus. [...] E konfuse Szenario, eng Hällewull vu Personnagen, déi d'Story iwwerlueden, an zimlech vill Längte suergen dofir, dass een de Film emol net als kleng Komedie ka genéissen. Dat eenzegt, wat gutt eriwwer kënnt, ass d'Filmmusek vum Serge Tonnar, an déi eng oder aner schauspilleresch Leeschtung, wéi déi vum Änder Jung oder vum Sascha Ley. Si wierken awer scho bal deplacéiert an engem Film, dee wéi e verlängerten „La Luxembourgeoise“-Spot dohier kënnt.

Kuckt och


Referenzen