Liz Braz

lëtzebuergesch Juristin an Politikerin

D'Liz Braz, gebuer den 29. September 1996[1][2] an der Stad Lëtzebuerg[3], ass eng lëtzebuergesch Juristin a Politikerin (LSAP).

Liz Braz
Gebuer29. September 1996
Lëtzebuerg
NationalitéitLëtzebuerg
EducatiounLycée Hubert-Clément,
Universitéit vu Lëtzebuerg,
Université libre de Bruxelles
AktivitéitJurist, Politiker, Deputéierten
ParteiLSAP
Famill
PappFélix Braz

Formatioun a Karriär

No hirer Première am Escher Lycée Hubert-Clément huet si op der Uni Lëtzebuerg e Bachelor am Droit gemaach an duerno op der ULB zu Bréissel e Master am „ëffentlechen an internationalen Droit“.

Si schafft zanter Mee 2023 als Chargée de mission am Ausseministère[4].

Politesch Karriär

Am Mee 2022 huet si zesumme mam Brian Halsdorf eng sozialistesch Jugendsektioun fir de Süde gegrënnt, vun där si Co-Presidentin gouf.

Bei de Gemengewalen 2023 koum si als Drëttgewielt vun hirer Partei an den Escher Gemengerot.[5] Am selwechte Joer huet si fir d'Chamberwale kandidéiert a gouf fir d'LSAP am Bezierk Süden an d'Chamber gewielt.[6]

Privates

D'Liz Braz ass d'Duechter vum fréiere Justizminister a Vizepremier Félix Braz.

Um Spaweck

Referenzen an Notten