Lurchen


D'Lurchen, och nach Amphibië genannt, sinn eng Klass vun de Wierbeldéieren (Vertebrata) mat ronn 6200 bekannten Aarten.

Lurchen
Panthermouken

Panthermouken
Panthermouken
Systematik
Räich:Déiereräich
Stamm:Chordata
Ënnerstamm:Wierbeldéieren
Iwwerklass:Landwierbeldéieren
Klass:Lurchen
Wëssenschaftlechen Numm
Amphibia
Gray“ 1825
Uerdnungen

Fräschelurchen
Schwanzlurchen
Schläichlurchen

Hire wëssenschaftlechen Numm kënnt vum griicheschen ἀμφί, amphi = op béid Säiten an βίος, bios = Liewen. Dëst kënnt dohier well d'Larven, oder Kauzekäpp vun deene meeschte Lurchen am Waasser liewen, duerno awer, no enger Metamorphos, d'Waasser verloosse fir um Land ze liewen.

Vill erwuesse Lurche liewen awer weider souwuel am Waasser wéi um Land. Alleguer musse s'op fiichte Plaze liewen, fir hire Kierper virun ze groussem Waasserverloscht ze schützen.

Kennzeeche vun de Lurchen

Systematik

  • Uerdnung Schwanzlurchen (Caudata)
    • Iwwerfamill Risesalamanderen (Cryptobranchoidea)
    • Iwwerfamill Armmolchen (Sirenoidea)
    • Iwwerfamill Salamanderdéieren (Salamandroidea)
  • Uerdnung Fräschelurchen
    • Iwwerfamill Echt Mouken (Bufonoidea)
    • Iwwerfamill Enkmaulfräschen (Microhyloidea)
    • Iwwerfamill Echt Fräschen (Ranoidea)
  • Uerdnung Schläichlurchen
    • Iwwerfamill Primitiv Schläichlurchen
    • Iwwerfamill Méi héich entwéckelt Schläichlurchen
    • Iwwerfamill Héich entwéckelt Schläichlurchen
E gepäipelte Mill

Lurchen zu Lëtzebuerg

Rezente Recherchen no, kommen zu Lëtzebuerg 13 Lurchenaarte vir.

  • Schwanzlurchen
    • Salamandra salamandra Feiereps, Gepäipelte Mill
    • Triturus alpestris Gemeng Waasserederes, Waassereps
    • Triturus cristatus Grouss Waasserederes, Grouss Waassereps
    • Triturus vulgaris Kleng Waasserederes, Gespiirpelt Eps
    • Lissotriton helveticus Fuedem-Eps
  • Fräschelurchen
    • Alytes obstetricans Klenkert, Sandmouk
    • Bombina variegata Onk
    • Bufo bufo Feldmouk, Gaardemouk
    • Bufo calamita Kleng Mouk
    • Hyla arborea Heckefräsch, Wiederfräsch
    • Rana lessonae
    • Rana kl. esculenta Waasserfräsch
    • Rana temporaria Bronge Fräsch

Literatur

Proess, R. (éd.), 2003. Verbreitungsatlas der Amphibien des Großherzogtums Luxemburg. Ferrantia. Travaux scientifiques du Musée national d'histoire naturelle de Luxembourg 37: 1-85.

Um Spaweck

Commons: Amphibia – Biller, Videoen oder Audiodateien