Luxogramm

Luxogramm, mam ganzen Numm Luxogramm - E System fir grammatesch Informatiounen iwwer d'Lëtzebuergescht, ass eng Websäit mat grammateschen Informatiounen zu de lëtzebuergesche Verben.

Luxogramm gouf am Laboratoire de linguistique et de littératures luxembourgeoises vun der Uni Lëtzebuerg ënner der Leedung vum däitsche Linguist Peter Gilles entwéckelt.

Fir d'Erschafe vu Luxogramm gouf sech um linguistesche Webportal fir däitsch Grammatik a Wierderbicher vun der Firma Canoo Engineering AG vu Basel orientéiert.

Als linguistesch Basis hunn d'Grammairë vum Robert Bruch, Josy Braun a François Schanen / Jacqui Zimmer gedéngt.

Nodeem Luxogramm am Ufank nëmmen op Däitsch funktionéiert huet, kann de Benotzer zanter Mee 2009 tëscht de Sproochen Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch wielen.

Um Spaweck