M4 Sherman

Dësen Artikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.
M4 Sherman

En M4 (105) mat 105 mm Haubitz

Allgemeng Donnéeën
Besatzung5
Längt5,84 m
Breet2,62 m
Héicht2,74 m
Gewiicht30,3 t
Panzerung a Bewaffnung
Panzerung19-91 mm
Haaptbewaffnung1 Kanoun vu 75 mm M3 L/40
90 Granaten
Kleng Waffen1 × 50 cal. Browning M2HB
2 × 30-06 Browning M1919A4
Mascinnengewierer
4.750 Schëss (30-06)
Beweeglechkeet
MotorContinental R975 1 (Bensinn)
Leeschtung350 PS
FiederungDréistief
Héchstvitess38,5 km/h
Verhältnes PS / t11,93 PS/t
Aktiounsrayon193 km

Den M4 Sherman war e mëttleren US-amerikaneschen Tanks am Zweete Weltkrich an am Koreakrich. Et war de meeschtgebauten US-Panzer an där Zäit.

Geschicht

Den éischte Prototyp vum M4 gouf 1941 entwéckelt a war baséiert op de Prototyp T6. E gouf vu Februar 1942 un a Serie produzéiert. Déi offiziell Bezeechnung war Medium Tank, M4, e krut den Numm Sherman (nom US-amerikanesche Generol William T. Sherman (1820-1891)) wéi e vun der brittescher Arméi iwwerholl gouf an du bei den éischte Gefechter an der zweeter El-Alamein-Schluecht dobäi war.

De Sherman Tanks M4 A3 (76) beim Schlass zu Klierf
… an den M4 A1 um Patton Square zu Ettelbréck.
Skizz vum M4 Sherman
De Sherman Tanks M4 A3 Bourg-la-Reine bei der N4 an der Entrée vu Phalsbourg

Um Spaweck

Commons: M4 Sherman – Biller, Videoen oder Audiodateien