Marcel Marceau

franséische Schauspiller a Pantomime

De Marcel Marceau (mam richtegen Numm Marcel Mangel), genannt le mime Marceau, gebuer den 22. Mäerz 1923 zu Stroossbuerg a gestuerwen den 22. September 2007 zu Cahors, war e franséische Schauspiller a Pantomime.

Marcel Marceau
PseudonymBip, Le mime Marceau
Gebuer22. Mäerz 1923
Stroossbuerg
Gestuerwen22. September 2007
Cahors
NationalitéitFrankräich
AktivitéitPantomime, Schauspiller, Clown, Zirkusartist, RIF- Resistenzler, Moler, Filmschauspiller, visuelle Kënschtler
Member vunAkademie der Künste der DDR, Bayerische Akademie der Schönen Künste, Académie des beaux-arts
De Marcel Marceau 1977.

Hie gouf mat sengem Personnage Bip international bekannt.

Biographie

De Marcel Mangel, deen aus eng jiddescher Famill koum, ass am Zweete Weltkrich zu Limoges der franséischer Resistenz bäigetrueden an huet do den Decknumm Marceau ugeholl. Nom Krich goung hien zu Limoges op d'École des arts décoratifs.

Den Dag vu sengem 24. Gebuertsdag huet de Marceau säi Personnage Bip fir d'éischt op enger Bün dem Public virgestallt. Mat deem gouf hien ee vun de bekanntste Pantomimë weltwäit. 1978 huet hien zu Paräis eng Schoul fir Pantomimen opgemaach, wou en och Coursë ginn huet.

Hien huet och verschidde Bicher geschriwwen, dorënner L'Histoire de Bip, Les sept péchés capitaux a Pimporello.

De Marcel Marceau ass um Père Lachaise-Kierfecht begruewen.

Filmographie

Gielercher

  • Offizéier vun der Légion d'honneur
  • Commandeur vum Ordre national du Mérite
  • Commandeur des Arts et des Lettres

Um Spaweck

Commons: Marcel Marceau – Biller, Videoen oder Audiodateien