Miro Cerar

De Miro Cerar, gebuer de 25. August 1963 zu Ljubljana, ass e sloweenesche Jurist a Politiker. Hie war vun 2014 bis 2018 Premierminister vu Slowenien.

Miro Cerar
GebuertsnummMiroslav Cerar
Gebuer25. August 1963
Ljubljana
NationalitéitSozialistesch Federativ Republik Jugoslawien, Slowenien
EducatiounUniversitéit vu Ljubljana,
University of California
AktivitéitPolitiker, Jurist, Universitéitsprofesser, Affekot, Akkordeonist

Hien ass de Jong vun der fréierer Procureur-général a fréierer Justizministerin Zdenka Cerar an dem Konschtturner Miroslav Cerar. Den Cerar gëllt als ee vun deenen aflossräichste Juriste vu Slowenien, hien huet virun allem un der Constitutioun vum Land matgeschafft. Hie war bis 2014 Professer op der juristescher Fakultéit vun der Universitéit Ljubljana.

Nom Récktrëtt vun der Alenka Bratušek als Ministerpresidentin am Mee 2014 huet den Cerar ugekënnegt, wëllen an d'Politik ze goen, an huet d'Partei Stranka Mira Cerarja (SMC – „Dem Miro Cerar seng Partei“) gegrënnt,[1] mat där en d'Parlamentswalen den 13. Juli 2014 gewonnen huet.[2] De 25. August 2014 huet d'Staatsversammlung, dat sloweenescht Parlament, den Cerar mat 51 géint eelef Stëmmen zum neie Ministerpresident gewielt, un der Spëtzt vun enger Koalitioun vu senger Partei, der konservativer Rentnerpartei an de Sozialdemokraten.[3] Den 18. September 2014 gouf seng Regierung vereedegt.

De 15. Mäerz 2018 huet hie säi Récktrëtt agereecht.[4]

Referenzen