Murchison (Meteorit)

De Murchison ass en CM2-Chondrit, deen den 28. September 1969 am australesche Bundesstaat Victoria erofgefall ass. Et goufen ongféier 100 kg Material vun deem Meteorit gebuergen.

E Brochstéck vum Murchison-Meteorit am National Museum of Natural History (Washington)
D'kueleg Chondritten Allende, Tagish Lake a Murchison

De Murchison ass e primitive kuelege Chondrit an domat fir d'Fuerschung besonnesch interessant, well d'Material vum Murchison zu den urspréngleche Stoffer aus eisem Sonnesystem gehéiert. Deementspriechend dacks gouf hien ënnersicht. Am Meteorit goufe vill organesch Verbindungen entdeckt, dorënner och Aminosaieren, déi fir biologesch Prozesser wichteg sinn, Diaminosaieren, déi als Virleefer vum éischte geneetesche Material op der Äerd diskutéiert ginn[1] a souguer Fullerene.[2] Dat war den éischte Nowäis vun Aminosaier an extraterrestreschem Material.[3] Wichteg war och, datt d'Fragmenter nom observéierte Fall séier opgesammelt goufen, soudatt eng Kontaminatioun mat ierdeschem Material gréisstendeels verhënnert gouf.

Donieft konnten am Meteorit och eelef verschidde Mineraler resp. hir Varietéiten nogewise ginn. Fir d'Mineral Murchisit gëllt de Meteorit och als Typlokalitéit a gouf no dësem genannt. Weider Mineraler sinn Chromit, Diamant, Eskolait, Graphit, Eisen, Kamacit, Olivin, Schreibersit, verschidde Serpentiner an Tochilinit.[4]

Kuckt och

Portal Astronomie

Literatur

Referenzen

Um Spaweck