Musekwëssenschaft

D'Musekwëssenschaft (engl. musicology) ass d'Bezeechnung fir déi wëssenschaftlech Disziplin, déi sech virun allem ëm d'theoreetesch Beschäftegung mat der Musek dréint, d. h. d'Erfuerschung an d'Reflexioun vun allen Zorte vu Musek. D'Musekwëssenschaft gëtt am däitschsproochege Raum an d'Beräicher historesch a systematesch Musekwëssenschaft an a Musekethnologie ënnergliddert. Dës Dräideelung geet zeréck op een vun deenen éischten däitschsproochege Musekwëssenschaftler, den Éisträicher Guido Adler (1855-1941).

Déi historesch Musekwëssenschaft beschäftegt sech virun allem mat der Geschicht vun der europäescher Konschtmusek a mat hire veschiddenen Deelgebidder:

  • Instrumentenkunde (historesch)
  • Notatiounskunde (historesch)
  • Sazkunde
  • Ikonographie
  • Quellenkunde
  • Terminologie
  • Opféierungspraxis
  • Biographie
  • Stilkunde
  • Musekästhetik am historesche Wandel

Deelgebidder vun der systematescher Musekwëssenschaft sinn z. B.:

  • Musikalesch Akustik
  • Héierpsychologie
  • Musekphilosophie
  • Stëmmphysiologie a Gehéierphysiologie
  • Physiologie vum Instrumentalspill
  • Museksoziologie
  • Musekpsychologie
  • Musekpädagogik

Deelgebidder vun der Musekethnologie sinn ënner anerem:

  • aussereuropäescher Konscht- a Volleksmusek
  • europäescher Volleksmusek
  • populär Musek
  • Ikonographie
  • Terminologie

Hëllefswëssenschaften:

D'Musekwëssenschaft ass eng staark interdisziplinär ausgeriichten Wëssenschaftung. Si steet mat villen aneren Disziplinnen am Zesummenhang, ënner anerem: