Néstor Kirchner

Den Néstor Carlos Kirchner, gebuer de 25. Februar 1950 zu Río Gallegos (Santa Cruz) a gestuerwen de 27. Oktober 2010 zu El Calafate (Santa Cruz) war een argentinesche Politiker. Hie war vun 2003 bis 2007 President vun Argentinien. Virdru war hie Gouverneur vun der Provënz Santa Cruz.

Néstor Kirchner
GebuertsnummNéstor Carlos Kirchner Ostoić
Gebuer25. Februar 1950
Gestuerwen27. Oktober 2010
DoudesursaachHäerzkollaps
NationalitéitArgentinien
EducatiounNationaluniversitéit vu La Plata
AktivitéitAffekot, Politiker
ParteiPartido Justicialista
Famill
Bestuet matCristina Fernández de Kirchner
KannerMáximo Kirchner, Florencia Kirchner

De Kirchner gouf als jonke Mann Member vun der Juventud Peronista (der peronistescher Jugendbeweegung). 1976 huet hie säi Studium fir Affekot op der Nationaler Universitéit vu La Plata ofgeschloss. den 9. Mäerz huet hie sech mat der Cristina Fernández bestuet. Si hunn zwéi Kanner: Maximo (1977) a Florencia (1990).

1987 gouf den Néstor Kirchner Intendante (eng Zort Buergermeeschter) vu Santa Cruz (bis 1991). Duerno gouf hie Gouverneur vun der Provënz mam selwechten Numm a blouf dat bis 2003.An deem Joer gouf hien zum 54. President vun Argentinie gewielt. 2007 ass seng Amtsperiod ofgelaf; Nofollger am Amt gouf seng Fra, d'Cristina Kirchner.

De 27. Oktober 2010 ass hien un engem Häerzschlag stënterlech gestuerwen.[1]

Referenzen