NGC 6751

Den NGC 6751 ass e planetareschen Niwwel an der Géigend vum Stär Lambda Aquilae. Den NGC 6751 huet e Wénkelduerchmiesser vun 18" an eng Hellegkeet vu +12,00 mag. Den Niwwel staamt vum ofgestoussene Mantel vun engem Stär dee gestuerwen ass. D'Ausdehnungsvitesse läit ëm déi 400 km/s.

NGC 6751 vun HST
Date vum NGC 6751
KatalogbezeechnungenNGC 6751
Rektaszensioun19h 05m 54.00s
Deklinatioun-06° 00' 00.0"
EquinoxeJ2000.0
Visuell Magnitude12m
Wénkelduerchmiesser
Flächenhellegkeet
Distanz6500 Liichtjoer
Absolutten Duerchmiesser
Mass
StärebildAquila (Aql)

Entdeckung

Den NGC 6751 gouf den 20. Juli 1863 vum däitschen Astronom Albert Marth entdeckt.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck