Omeganiwwel

Den Omeganiwwel (och mat Messier 17 oder NGC 6618 bezeechent, seelen och Schwanenniwwel oder Houfeisenniwwel) ass en Emissiounsniwwel am Norddeel vum Stärebild Sagittarius. En huet eng visuell Magnitude vu +6,00 mag an en Duerchmiesser vun 11'.

Date vum Omeganiwwel
Messier 17: den Omeganiwwel oder Schwanenniwwel
ObjettypEmissiounsniwwel (Typ H-II)
StärebildSagittarius (Sgr)
Positioun (Equinoxe J2000.0)
Rektaszensioun118h 20m 48,00s
Deklinatioun-16° 11' 00,0"
Ausgesinn
Visuell Magnitude+6,00 mag
Wénkelduerchmiesser11,0'
Physikalesch Daten
Gehéiert zumSagittarius-Carina Aarm (Mëllechstrooss)
Distanzzirka 5.000 Liichtjoer
Absolut Hellegkeet-7,0M
Absolutten Duerchmiesserzirka 40 Liichtjoer
Radialvitess 
Geshicht
EntdeckerJ.-P. de Chéseaux
Entdeckungsjoer1745
Katalogbezeechnungen
Messier 17, NGC 6618

Hie gëtt duerch d'Stralung vun de bannenzege jonke Stären zum liichten ugereegt a liicht an engem roude bis rosae Faarftoun. E läit am Sagittarius-Aarm, engem niwwelräiche Stäregebuertsgebitt, an erstreckt sech am siichtbare Beräich iwwer 15 Liichtjoer. D'Matièreusammlung dogéint erstreckt sech wäit weider iwwer 40 Liichtjoer am Duerchmiesser. Et entstinn ëmmer nach Stären an dësem H-II-Gebitt, wat och déi jonk 35 Stäre weisen, déi am Kugelstärekoup bannen am Niwwel verstoppt sinn. Den Niwwel ëmfaasst ronn 800 Sonnemassen.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Messier 17 – Biller, Videoen oder Audiodateien