Physesch Persoun
Begrëff aus dem Droit fir de Mënsch
Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen! |
Physesch Persoun (och nach natierlech Persoun) ass e Begrëff aus dem Droit, mat deem all liewege Mënsch gemengt ass, deem eng juristesch Perséinlechkeet (oder Rechtsperséinlechkeet, (fr) personnalité juridique) unerkannt gëtt, d. h. deen d'Fäegkeet huet vun der Jouissance vun enger Rei vu Rechter a viru Geriicht ze goen.
Och e Männerjäregen ass deemno eng physesch Persoun, en huet d'Jouissance vu senge Rechter, en däerf se just net eleng ausüben an ass an deem Punkt onfäeg.
Nieft de physesche Persoune gëtt et och nach d'juristesch Persounen, am Allgemenge Gesellschaften, Veräiner, asw. Déieren, Planzen an net-animéiert Substanzen dogéint si Saachen.
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake