Provënz Huambo

D'Provënz Huambo ass eng vun den 18 angolanesche Provënzen. Si läit am Zentrum vum Land a grenzt am Nordwesten un d'Provënz Kwanza Sul, am Nordosten an am Osten un d'Provënz Bié, am Süden un d'Provënz Huíla an am Westen un d'Provënz Benguela.

D'Provënz Huambo (rout) an Angola

Si huet eng Fläch vu 34.270 km².[1]

Der Vollekszielung 2014 no hat si 1.896.147 Awunner, wat 7,8% vun der Gesamtbevëlkerung vun Angola waren.[2]

D'Haaptstad vun der Provënz ass d'Stad mam selwechten Numm.

Referenzen