Provënzen an Territoirë vu Kanada

Kanada ass ee Bundesstaat, dee sech aus zéng Provënzen an dräi Territoiren zesummesetzt.

D'Provënze si relativ autonom géigeniwwer der Bundesregierung. Eng Provënz kann nëmmen duerch eng Verfassungsännerung geschaf ginn. Territoire sinn déi Deeler vum Bundesstaat Kanada, déi net zu enger Provënz gehéieren. En Territoire huet manner Kompetenze wéi eng Provënz a kann duerch en einfacht federaalt Gesetz geschaf ginn.

Kanada ass 1867 nom Zesummeleeë vun dräi Provënze vum britteschen Nordamerika als Land ervirgaang: New Brunswick, Nova Scotia an d'Province of Canada (déi spéider an Ontario a Québec gespléckt gouf). Progressiv sinn déi aner Provënzen an Territoiren derbäikomm an och Deel vu Kanada ginn.

Iwwersiichtskaart

Politesch Kaart mat de Provënzen an Territoire vu Kanada

Provënzen

FändelWopenProvënzPostcodeHaaptstadGréisst Stad
(Awunner)
Deel vun der
Confederatioun ginn
Bevëlkerung
(Juli 2014)
Fläch: Land
(km2)
Fläch: Waasser
(km2)
Fläch: Total
(km2)
Offiziell Sprooch(en)
OntarioONTorontoToronto1. Juli 186713.678.700917.741158.6541.076.395Englesch
QuébecQCQuébecMontréal1. Juli 18678.214.7001.356.128185.9281.542.056Franséisch
Nova ScotiaNSHalifaxHalifax1. Juli 1867942.70053.3381.94655.284Englesch
New BrunswickNBFrederictonSaint John1. Juli 1867753.90071.4501.45872.908Englesch a Franséisch
ManitobaMBWinnipegWinnipeg15. Juli 18701.282.000553.55694.241647.797Englesch
British ColumbiaBCVictoriaVancouver20. Juli 18714.631.300925.18619.549944.735Englesch
Prince Edward IslandPECharlottetownCharlottetown1. Juli 1873146.3005.66005.660Englesch
SaskatchewanSKReginaSaskatoon1. September 19051.125.400591.67059.366651.036Englesch
AlbertaABEdmontonCalgary1. September 19054.121.700642.31719.531661.848Englesch
Neifundland a LabradorNLSt. John'sSt. John's31. Mäerz 1949527,000373,87231,340405,212Englesch
Total000000035423700.000000000035.423.700000000005490918.00000000005.490.918000000000572013.0000000000572.013000000006062931.00000000006.062.931

Territoiren

FändelWopenTerritoirePostcodeHaaptstad a gréisst StadDeel vun der
Confederatioun ginn
Bevëlkerung
(Juli 2014)
Fläch: Land
(km2)
Fläch: Waasser
(km2)
Fläch: Total
(km2)
Offiziell Sprooch(en)
Nordwest-TerritoirenNTYellowknife15. Juli 187041.4621.183.085163.0211.346.106Chipewyan, Cree, Englesch, Franséisch, Gwich’in,
Inuinnaqtun, Inuktitut, Inuvialuktun, North Slavey,
South Slavey, Tłįchǫ
YukonYTWhitehorse13. Juni 189833.897474.3918.052482.443Englesch, Franséisch
NunavutNUIqaluit1. Abrëll 199931.9061.936.113157.0772.093.190Inuinnaqtun, Inuktitut,
Englesch, Franséisch
Total000000000107265.0000000000107.265000000003593589.00000000003.593.589000000000328150.0000000000328.150000000003921739.00000000003.921.739

Um Spaweck

Commons: Provënzen an Territoirë vu Kanada – Biller, Videoen oder Audiodateien