Raschpëtzer

D'Raschpëtzer am Gréngewald an der Gemeng Walfer sinn en ënnerierdeschen Aqueducsystem, dee fir d'Waasserversuergung vun der Réimervilla tëschent Helsem an Heeschdref benotzt gouf; dës Villa ass nach net ausgegruewen. D'Raschpëtzer goufen ëm 130 n. Chr. a Qanat-Technik gebaut a ware bis ca. 350 n. Chr. a Betrib. D'Qanat-Technik hat hiren Ursprong virun ca. 3000 Joer am Iran an huet sech iwwer d'arabesch Hallefinsel an d'réimescht Räich ausgebreet.

Vue an de Pëtz -4 vum Raschpëtzer-Qanat

D'Anlag vun de Raschpëtzer ass imposant absënns wéinst hiren Dimensiounen, mat enger geschater Totallängt vu 720 m, wouvun der bis uganks den 2020er Joren 310 erfuerscht sinn, a virun allem wéinst hirer Déift vu bis zu 36 m ënner der Äerduewerfläch. Besonnesch d'Déift charakteriséiert d'Anlag a mécht se an hirer Aart eenzegaarteg, well änlech Qanaten aus réimescher Zäit zu Lëtzebuerg (Näerzeng, Éimereng, Fréiseng) an am Tréierer Raum (Tréier, Pölich, Talling....) allkéiers nëmmen tëscht 6 an 12 m déif waren.

D'Raschpëtzer bestinn aus bis ewell 13 bekannte vertikale Schächt, déi ënnerenee mat engem horizontalen Tunnel verbonne sinn an um Fong iwwer enger impermeabeler Mergelschicht e Waasserkanal hunn. Si féieren haut nach Waasser, dat Drénkwaasserqualitéit huet, awer net méi säin Zil bis bei d'réimesch Villa erreecht.

Den 22. November 2019 goufe s'als nationaalt Monument klasséiert.

Technesch Donnéeën

Allgemeng Donnéeën

  • Totallängt vum Raschpëtzer-Qanat: 720 m, 310 m erfuerscht;
  • Zuel vun de bekannte vertikale Schächt: ; 13
  • déifste Schacht: 36 m;
  • Distanz tëscht den eenzele Schächt : variabel tëscht 10 a 35 m.;
  • Héicht vum Tunnel: variabel tëscht 0,5 m. an 2,0 m.;
  • Héicht vun de bis elo bekannte vertikale Schächt: variabel tëscht 0,5 an 2,3 m iwwer der Ofdeckung vum Waasserkanal.;
  • beweegt Äerdmassen aus de vertikale Schächt: 550 m³ geschat, 300 m³ zur Zäit erfuerscht;
  • beweegt Äerdmassen aus dem horizontal Tunnel : 1700 m³ total geschat, 700 m³ zur Zäit erfuerscht;
  • gefaast a gefërdert Waasserquantitéit : 180 m³ pro Dag.

Déi eenzel Pëtzer

PëtzDéift (m)Distanz bis bei

den nächste Pëtz (m)

KoordinatenBemierkungFoto
926,049° 39’ 57.5’’ N
      06° 09’ 07.5’’ O
818,320,549° 39’ 57.5’’ N
      06° 09’ 05.5’’ O
720,517,549° 39’ 58.0’’ N
      06° 09’ 06.9’’ O
626,049° 39’ 57.9’’ N
      06° 09’ 05.5’’ O
535,035,049° 39’ 58.0’’ N
      06° 09’ 03.1’’ O
436,031,549° 39’ 57.6’’ N
      06° 09’ 02.9’’ O
Pëtz nach original zougeschott
327,549° 39’ 57.4’’ N
      06° 08’ 59.9’’ O
Pëtz nach original zougeschott
236,016,049° 39’ 57.6’’ N
      06° 09’ 01.9’’ O
Pëtz nach original zougeschott
130,415,049° 39’ 57.7’’ N
      06° 08’ 58.5’’ O
021,020,049° 39’ 57.9’’ N
      06° 08’ 57.6’’ O
Pëtz nach original zougeschott
-119,057,049° 39’ 57.7’’ N
      06° 08’ 56.6’’ O
Pëtz nach original zougeschott
-2Pëtz nach net entdeckt
-3Pëtz nach net entdeckt
-412,049° 39’ 59.1’’ N
      06° 08’ 54.2’’ O
Pëtz mat Ofzweigung
-510,049° 39’ 59.1’’ N
      06° 08’ 54.2’’ O
Pëtz iwwert der Visiteur-Galerie
-5A8,049° 39’ 59.2’’ N
      06° 08’ 52.3’’ O
Niewenanlag
-7A6,049° 39’ 59.2’’ N
      06° 08’ 52.8’’ O
Fallschacht; Niewenanlag

Visitten

Waasserausfloss um Enn vum fréieren Niewekanal.

Am Dezember 1998 ass de Pëtz -5 bei archeologeschen Aarbechten entdeckt ginn an am Abrëll 1999 gouf eng 17 m. laang Galerie gebaut, duerch déi een an e Visiteursraum kënnt, deen an enger Déift vun 10 m. beim Pëtz -5 amenagéiert gouf. Op Ufro[1] oder zu festgeluechten Zäite kann d'Galerie besicht ginn.

Am Joer 2000 gouf um Enn vum fréieren Niewekanal, op enger Héicht vun 355,2 m (NG-L), e Waasserausfloss gebaut, fir den Opbau vum réimesche Kanal ze weisen, sou wéi e bannen am Bierg, op enger Längt vun са 600 m. besteet: dréche gebaut Säitewänn, stenge Placke fir de Kanal zou ze decke mat handgroussen Sandsteng driwwer. Déi ongeféier 70 m³ Waasser déi hei am Dag eraus lafen, fléisse fir d'éischt an eng Zort Baseng (op 348 m iwwer NN), ier se da biergof an d'Uelzecht fléissen.

Ausgruewungen

Op den ëstlechen Häng vun Walfer, Helsem an Heeschdref si Reschter vu 4 Réimervillen bekannt. Nëmmen eng Villa, déi 1990 bei Bauaarbechte vun engem Lotissement um Fouss vum Sonnebierg entdeckt gouf, ass tëscht 1990 an 1994 vum Service archéologique vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht (MNHA) deelweis ausgegruewen an ënnersicht ginn. Déi Villa huet hiert Waasser aus de Quelle südlech vum Pëtschend-Plateau kritt.

D'Réimervilla déi hiert Waasser iwwert d'Raschpëtzer-Anlag bezunn huet, läit op der selwechter Héicht, ca. 1 km nërdlech vun där vun Helsem, an ass nach net ausgegruewen.

Literatur

  • Faber, G., 1990. Raschpëtzer, Qanate und deren Konstruktionstechnik. 25 Jahre Raschpëtzer-Forschung. Erausgi vum SIT Walfer, S. 267-289
  • Faber, G., 2015. Die Römervilla zwischen Heisdorf und Helmsingen in den Flurbereichen Stengbeer und Steinenstücker. 50e anniversaire du Syndicat d'initiative et de tourisme de la Commune de Walferdange. Erausgi vum SIT Walfer. ISBN 978-99959-0-142-4
  • Faber, S., Waringo, G. & Werner, H., 2015. 50 Jahre Raschpëtzer-Forschung. 50e anniversaire du Syndicat d'initiative et de tourisme de la Commune de Walferdange. Erausgi vum SIT Walfer. ISBN 978-99959-0-142-4
  • Konen, Jérôme, 2011. Raschpëtzer - Dem Mythos auf der Spur. Éditions Schortgen, 160 S., ISBN 978-2-87953-125-0
  • Kohl, N., 2011. Vor 25 Jahren - am 3. Oktober 1986 - wurde der "Walferdinger Raschpëtzer-Qanat" entdeckt. Erausgi vum Auteur. Dréckerei Reka Ehlerange, 73 S. ISBN 978-2-87996-551-2
  • Groupe spéléologique luxembourgeois, 2009, Höhlen - Luxemburgs geheimnisvolle Unterwelt, Éditions Schortgen. 160 S. (mat Fotoe vum Jérôme Konen), S. 120-139: Nicole Droessaert, Sonja Faber & Guy Waringo: Das Geheimnis der Raschpëtzer , ISBN 978-2-87953-078-9
  • Kayser, P., Waringo, G., 2002. L'aqueduc souterrain des Raschpëtzer, un monument antique de l'art de l'ingénieur au Luxembourg. , Administration communale Walferdange. Imprimerie Saint-Paul.
  • Kies, A., 1995. Radonmessungen in den Raschpëtzer. ‘Raschpëtzer’ die Ausgrabungschronik der Jahre 1991-1995. SIT Walfer, S. 213-219.
  • Paulke, Matthias, 2019: Archäologischer Rundgang durch Luxemburg. Luxemburg, S. 118-119.
  • Waringo, G., Faber, S. & Werner, H., 2017. RASCHPËTZER Eine römische Stollen-Wasserleitung. Erausgi vum SIT Walfer. ISBN 978-2-9199454-0-5

Um Spaweck

Commons: Raschpëtzer – Biller, Videoen oder Audiodateien