René Kartheiser
lëtzebuergesche Schrëftsteller
De René Kartheiser, gebuer den 22. Januar 1926 zu Schëffleng a gestuerwen den 1. September 2009[1], war e lëtzebuergesche Schrëftsteller.
René Kartheiser | |
---|---|
Gebuer | 22. Januar 1926 Schëffleng |
Gestuerwen | 1. September 2009 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Schrëftsteller |
Famill | |
Kanner | Josiane Kartheiser |
Vun 1978 bis zu sengem Doud war hie Member vun der Section des arts et lettres vum Institut grand-ducal. Beim Concours littéraire national vun 1978 gouf hie fir säi Gedicht Hätt ech! a Lëtzebuerger Sprooch mam éischte Präis ausgezeechent. Säi Buch Rick iwwer d'Liewe vun engem Héngerdéif ass am Joer 1998 op Russesch iwwersat ginn, an zu Moskau erauskomm. 1991 gouf hie fir seng Verdéngschter ëm d'Lëtzebuerger Sprooch mat der Sëlwer-Éiereplack Dicks-Rodange-Lentz vun der Actioun Lëtzebuergesch ausgezeechent.
Hie war de Papp vun der Schrëftstellerin Josiane Kartheiser.
Seng Wierker
- D'Wichtelcher vum Holleschbierg, 1971
- De klenge Stär, 1971
- Nuets ass d'Welt ronn, 1971
- Eng Päif laang, 1972
- Abbe, hei hut dir et!, 1973
- Batteralzem, 1976
- Wëlle Wäin, 1978
- D'Butzebuch, 1982
- De Fraassi an de Froossi, 1982
- Rick, 1986
- De Kapp an de Stären, 1988
- 20 Joer duerno, 1989
- De Klibbchen, 1990
- Dicks op!, 1992
- Et as dach Summer, 1997
- Ястреб Рик (Jastreb Rik), Iwwersetzung: Tatjana Kljujewa; Ill. vum Wladimir * Bissengalijew, Editioun vun der Moskauer Universitéit, 1998
- Tëscht Sonneblummen a Lavendel, 2000
- Am Kreesverkéier vun... der Zäit, 2004
- Déi dräi - Les Trois Copains, mat Iwwersetzung vum Jacques Steffen, éditions saint-paul, 2009, ISBN 13: 978-2-87996-637-3
Gielchen
- Chevalier vum Ordre de Mérite du Grand-Duché de Luxembourg (Promotioun 1976)[2]
Literatur
- G. Carré (2009): 'Roueg den eegene Wee gon': René Kartheiser nous a quittés. Luxemburger Wort, 3. September 2009, S. 9.
- G. Goetzinger & C.D. Conter (2007): Luxemburger Autorenlexikon. Centre national de littérature Mersch, 687 S. (R. Kartheiser: S. 309).
- C. Mart (2009): Schriftsteller René Kartheiser hat uns verlassen. Lëtzebuerger Journal, Nr. 171, 5./6. September 2009, S. 21.
- J. Steffen (2002): René Kartheiser, op der Sich no neie Weeër! Luxembourg, Impr. Saint-Paul, 126 S.
Referenzen
🔥 Top keywords: HaaptsäitMarie-Antoinette vun ÉisträichSpezial:SichenSpezial:Rezent ÄnnerungenWikipedia:CommunautéitssäitWikipedia:KontaktWikipedia:HëllefWikipedia:Iwwer d'WikipediaWikipedia:WëllkommZweete WeltkrichWikipedia:AktualitéitWikipediaPol LeursWikipedia:General disclaimerWikipedia:De StamineeLëtzebuergeschLëtzebuerg (Land)Serge TonnarEd LauterLëscht vun de lëtzebuergesche SpréchwierderMinière Prince HenriCetonia aurataStater TramDe FeierwonEngleschHenri vu LëtzebuergInstitut polytechnique de ParisBenotzer Diskussioun:RobbyLëscht vun de Lëtzebuerger Uertschaften, Häff a Lieu-ditenLëtzebuerg (Stad)Lëscht vun den Zecken zu LëtzebuergBenotzer Diskussioun:Shanghai88Lëscht vun de lëtzebuergesche RiedensaartenBenotzer Diskussioun:RomaineWikipedia:ImpressumSchëld F, 14aSiddhartha GautamaKnuedlerDavid Goldrake