Rho

Buschtaf

me Rho (griichescht Neutrum, Majuskel Ρ, Minuskel ρ oder ϱ) ass de 17. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 100.

De griichesche Buschtaf Rho

Gebrauch vum Rho

  • An der Physik ass de klenge Rho
    • d'Zeeche fir d'Dicht an de spezifeschen elektresche Widerstand an
    • de Bezeechner vun engem Meson.
    • d'Zeeche fir d'Luedungsdicht.
    • d'Dichtmatrix.
  • An der Chimie ass de klenge Rho d'Zeeche fir d'Massekonzentratioun
  • An der Statistik ass de klenge Rho en heefeg gebraucht Zeeche fir de Korrelatiounskoeffizient.
  • An der linearer Algebra an an der Funktiounalanalys gëtt de Spektralradius mat engem klenge Rho bezeechent.
  • An der Linguistik bezeechent een de Lautwandel zu r als Rhotazismus.
  • An der Waardeschlaangtheorie ass et den Auslaaschtungsgrad
  • An der Wirtschaftswëssenschaft ass ρ
    • eng vun de Kennzuele fir d'Bewäertung vun enger Optioun an
    • a Wuesstumsmodeller gewéinlech e Parameter deen d'Zäitpreferenz vum Haushaltkonsum zeréckgëtt.