Robert Capa

amerikanesche Fotograf
Dëse Fotografiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

De Robert Capa, eigentlech Endre Ernő Friedmann, gebuer den 22. Oktober 1913 zu Budapest, a gestuerwen de 25. Mee 1954 zu Thai-Binh am Vietnam wéi hien op eng Minn getrëppelt ass, war en US-amerikanesche Fotograf mat ungareschen Originnen.

Robert Capa
GebuertsnummEndre Ernő Friedmann
Gebuer22. Oktober 1913
Budapest
Gestuerwen25. Mee 1954
DoudesursaachExplosioun
NationalitéitFrankräich, Ungarn, USA
AktivitéitKrichskorrespondent, Fotograf, Krichsfotograf, Fotoreporter, Journalist, Schrëftsteller
Famill
Liewenspartner(in)Gerda Taro
GeschwësterCornell Capa

De Capa war virun allem als Krich-Fotojournalist bekannt. Ikonesch Biller vun him sinn den alliéierten Debarquement an der Normandie, am Juni 1944 (Operation Overlord) oder de Brigadist, vun enger Kugel getraff, am Spuenesche Biergerkrich.

Hie war Matgrënner vun der Fotosagence Magnum.

Gielchen

  • Croix de guerre des théâtres d'opérations extérieures

Um Spaweck

Commons: Robert Capa – Biller, Videoen oder Audiodateien