Sauer

Niewefloss vun der Musel
Dës Säit beschäftegt sech mat dem Floss Sauer. Fir aner Bedeitungen, kuckt wgl. Sauer (Homonymie).

D'Sauer ass e Floss an der Belsch, zu Lëtzebuerg an an Däitschland, et ass e lénksen Niewefloss vun der Musel.

Sauer
D'Sauer bei Maartel
An anere Sproochenfr: Sûre
de: Sauer
Längt206 km
Hydrographesche
Baseng
Rhäin
Fläch vum Baseng4.259 km²
Originn
OriginnQuell
PlazVaux-lez-Rosières
Héicht510 m
Koordinaten49° 55’ 3.76’’ N
      5° 30’ 48.49’’ O
Konfluenz
Leeft and'Musel
PlazWaasserbëlleg
Héicht129 m
Koordinaten49° 42’ 48.4’’ N
      06° 30’ 24’’ O
HaaptnieweflëssWolz (Wiltz), Uelzecht, Wäiss Iernz,
Our, Schwaarz Iernz
Geographie
Land Belsch
Lëtzebuerg
Däitschland
UertschaftenMartelange, Esch-Sauer,
Ettelbréck, Dikrech, Reisduerf,
Iechternach, Waasserbëlleg
Weier direkt ënnerzeg vun der Quell.

Geographie

Si entspréngt beim Haff Planchipont[1] an der Sektioun Vaux-lez-Rosières vun der Gemeng Vaux-sur-Sûre, am Südoste vun der Belsch.

Vu Roumecht un op enger 4 km no Norden mécht si d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an der Belsch, ier se da queesch duerch d'Éislek leeft. Zu Esch-Sauer gëtt si zu engem Stauséi gestaut. Dësen ass den Zentrum vum Naturpark Uewersauer, an am Summer eng beléifte Vakanzeplaz. An éischter Linn ass en awer virun allem en Drénkwaasserreservoir. Zu Wallenduerfer Bréck geet d'Sauer da Richtung Süde bis op Waasserbëlleg a mécht op där Streck, als Kondominium, d'Grenz tëscht Lëtzebuerg an Däitschland.

Zu Waasserbëlleg op der "Spatz", deem déifste Punkt vum Land, fléisst d'Sauer an d'Musel.

D'Sauer ass 206 km laang, dovu sinn 136 km op Lëtzebuerger Territoire. Se zielt zu de primäre Waasserleef vu Lëtzebuerg déi en Anzuchsgebitt vun iwwer 70 km² hunn[2].

Uertschaften op der Sauer

Belsch

Lëtzebuerg

Däitschland

Et lafen an d'Sauer (dem Waasserlaf no)

An der Belsch

  • Ruisseau du Wé (riets)
  • Ruisseau du Bultai (riets)
  • Ruisseau du Grand-Pré (lénks)
  • Ruisseau de la Fagne de Lescheret (riets)
  • Geronne (riets)
  • Moyémont (riets)
  • Chiehet (riets)
  • Ruisseau de Lipré (lénks)
  • Strange lénks
  • Ruisseau de Geronval (riets)
  • Ruisseau de Savipré (lénks)
  • Ruisseau de Tranquebois (riets)
  • Wissbich (riets)
  • Kleppelbaach (riets)
  • Molscht (lénks)

Zu Lëtzebuerg

An Däitschland

Biller

Kuckt och


Um Spaweck

Commons: Sauer – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten